Coronavirus zu LëtzebuergVun 11.502 Tester waren der 672 positiv, 4 Doudeger bäikomm

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt 4 weider Leit, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn. Am Ganze sinn et elo 334 Doudeger.
© RTL

Aktuell sinn 210 (-2) Patienten hospitaliséiert, dovunner 41 op der Intensivstatioun.

Aktuell ginn et 8.971  aktiv Infektiounen, 26.497Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,04. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO