Coronavirus zu LëtzebuergVun 11.885 Tester waren der 267 positiv, 2 weider Doudesfäll

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 643 läit.
© RTL Archivbild

Aktuell sinn 104 (+4) Persounen hospitaliséiert, dovunner 20 op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 3.074 aktiv Infektiounen an 52.185 Persoune gëllen als geheelt.

817 Persoune kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis, fir 525 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 40.460 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,98. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO