
Kontrolléiert gouf an der Route de Longwy, Route de Thionville an an der Areler Strooss. Nëmmen a 4 Fäll vun am Ganzen 184 kontrolléierten Automobilisten ass den Test positiv ausgefall. An 2 Fäll gouf en Avertissement taxé, an deenen 2 anere Fäll gouf e Protokoll geschriwwen.
Wéi d’Police weider matdeelt, ass enger Patrull géint 3 Auer an der Nuecht op e Freideg e Chauffer an der Rue Michel Rodange an der Stad opgefall, dee mat sengem Won bal an e geparkten Auto geknuppt wier. Hie gouf gestoppt an effektiv hat de Mann ze vill gedronk. No engem positiven Alkoholtest krut hien de Permis ewechgeholl an e Protokoll amplaz.