Coronavirus zu LëtzebuergVun 2.334 PCR-Tester waren der 693 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei op 1.139* bliwwen ass.
© RTL

Aktuell sinn 28 Persounen hospitaliséiert, fënnef dovunner leien op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.291.236 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 667 waren ergänzend Dosen, wärend 3 Persounen eng zweet Dosis kruten a bei 2 Persoune war et déi éischt.

D’Reproduktiounszuel läit bei 0,97. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck*Bei den Zuele vun der Santé iwwert d’Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, gouf et e Méindeg en Ënnerscheed tëscht hiren deeglechen Zuelen an hire Grafiken. An de Grafiken war vun 1.040 Doudesaffer rieds, dëst gouf op 1.139 erofkorrigéiert wéi och am deegleche Rapport stoung.

Back to Top
CIM LOGO