
Aktuell si 24 Persounen hospitaliséiert, eng dovunner läit op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.290.821 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 395 waren ergänzend Dosen, wärend et bei dräi Persounen déi zweet Dosis war a bei fënnef déi éischt.
Et goufen 310 Neiinfektioune registréiert.
D’Reproduktiounszuel läit bei 1,04. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.