
Aktuell si 19 Persounen hospitaliséiert, dovunner 6 op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 790.386 Impf-Dosisse genotzt. 221 Leit kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 376 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,11. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.