
Aktuell sinn 20 Persounen hospitaliséiert, dovunner véier op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 795.363 Impf-Dosisse genotzt. 449 Leit kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 372 Persoune war et déi 2. Impfung.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,01. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.