Vum Parquet ordonéiert AlkoholkontrollenVun 204 Alkoholtester nëmme 5 positiv, kee Permis agezunn

RTL Lëtzebuerg
Vun e Mëttwoch op en Donneschdeg huet d'Police bei 204 Automobilisten tëscht 22.30 an 1.45 Auer zu Gonnereng an zu Nidderaanwen Alkoholkontrolle gemaach.
© RTL Archiv

Nëmmen a fënnef Fäll ass den Test positiv ausgefall. Bei kengem war den Alkoholafloss sou héich, datt de Permis hätt missen agezu ginn.

Back to Top
CIM LOGO