Coronavirus zu LëtzebuergVun 5.294 Tester waren der 46 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg huet d'Santé matgedeelt, dass d'Zuel vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg um Coronavirus gestuerwe sinn, bei 124 bliwwen ass.

Bei den Infektiounen ass et eng Hausse vu 46 positiv geteste Patienten. D'Santé gëtt just nach d'Zuele fir d'Residenten un. Et goufe n 5.294 Tester vu Residentë gemaach.

Aktuell si 19 (0) Leit hospitaliséiert, 1 (0) Persoun dovunner läit op der Intensivstatioun.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,95.

Back to Top
CIM LOGO