Coronavirus zu LëtzebuergVun 9.233 Tester waren der 451 positiv, 9 Doudeger bäikomm

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt 9 weider Leit, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn. Am Ganze sinn et elo 330 Doudeger.
© RTL

Aktuell sinn 212 (-2) Patienten hospitaliséiert, dovunner 42 op der Intensivstatioun.

Aktuell ginn et 8.643 aktiv Infektiounen, 26.156 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,97. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO