Coronavirus zu LëtzebuergVun 9.538 Tester waren der 186 positiv, 5 weider Persoune gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 652 läit.
© RTL Archivbild

Aktuell sinn 106 (-2) Persounen hospitaliséiert, dovunner 22 op der Intensivstatioun.

Den Ament ginn et 2.982 aktiv Infektiounen an 52.662 Persoune gëllen als geheelt.

1.322 Persoune kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis, fir 731 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 44.171 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,95. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO