Coronavirus zu LëtzebuergVun 974 PCR-Tester waren der 322 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.158 bliwwen ass.
© RTL Archivbild

Aktuell si 26 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit den Ament ee Patient op der Intensivstatioun. D’Santé mellt dann 204 Neiinfektiounen an 118 Reinfektiounen.

Am Ganze goufe bis ewell 1.292.166 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 383 waren ergänzend Dosen, wärend keen eng zweet Dosis krut a fir sechs Persoune war et déi alleréischt Impfung.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,10. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO