Coronavirus zu LëtzebuergVun 997 PCR-Tester waren der 190 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei op 1.145 bleift.
© RTL

Aktuell sinn 30 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit den Ament ee Patient op der Intensivstatioun.

98 Persounen hu sech eng weider Kéier mam Coronavirus infizéiert.

Am Ganze goufe bis ewell 1.291.521 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 576 waren ergänzend Dosen, wärend een eng zweet Dosis krut a bei dräi Persoune war et déi alleréischt Impfung.

D’Reproduktiounszuel läit bei 0,75. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO