
Wou d’"Associatioun Anonym Glécksspiller” 2003 gegrënnt gouf, war et e Selbsthilfegrupp an eng Plaz, wou Glécksspillsüchteger sporadesch Berodung fonnt hunn. Siwe Joer méi spéit koum eng professionell Therapieoffer dobäi. Glécksspill war deemools éischter a Casinoen an op Computer a Caféen ze fannen. Mëtt 2010 hätt sech dann awer och en neien Trend ofgezeechent. Ëmmer méi Leit wiere Gaming- oder Computerspillsüchteg, seet den Andreas König, Direktiounsbeoptragte vum “Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht”.
2017 gouf dunn d’Berodungsstell “Ausgespillt” gegrënnt, fir Leit déi ënner Spillsucht oder anere Suchtverhale leiden. Méiglech ginn ass dëst duerch e Finanzement vum Stat. E weideren Trend deen och zu ëmmer méi zur Sucht, besonnesch bei Jonke féiert, wieren d’Online Sportswetten. Wou bei de Glécksspiller, am Casino oder an de Caféen d’Altersmoyenne bei Mëtt 40 Joer léich, géing se bei de Leit, déi Sportswette maachen, tëscht Mëtt an Enn 20 leien.
Awer och d’Berodungsstell “Game over” ass 2017 an d’Liewe geruff ginn. Hei ass een op eng problematesch Mediennotzung vu Kanner a Jugendleche spezialiséiert. De Problem vun der exzessiver Mediennotzung wier grouss, mengt den Andreas König. Dass d’Chifferen awer no ënnert weisen, erkläert hie sech, dass besonnesch déi exzessiv Notzung vu soziale Medien als ëmmer méi normal ugesi gëtt.
Wichteg ass him ze betounen, dass wann een Hëllef sicht, souwuel déi Betraffe selwer, wéi och d’Famill, ni géing stigmatiséiert ginn.
Wëll och ëmmer méi Leit sech bei den “Anonym Glécksspiller” gemellt hunn, déi net déi richteg Ulafstell fonnt hunn zum Beispill wéinst enger Kaafsucht oder exzessivem Pornokonsum, gouf Zejoert den “Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht” gegrënnt. Och Aarbecht- a Fitnesssucht si mat am Behandlungs- a Berodungsprogramm. Antëscht schaffen eng ganz Partie Therapeuten do, an et kritt een a sämtlech Beräicher gehollef.