Wien an den 1990er a fréien 2000er Joren op Esch war, ka sech nach un déi gutt besichten Escher Uelzechtstrooss erënneren. Scho wéi nach Autoen duerch se gefuer sinn an och spéider als längste Foussgängerzon vum Land stoung d’Uelzechtstrooss fir den Eenzelhandelsstandpunkt Esch.
Ma mëttlerweil huet d’Bild sech verännert. Et gesäit een däitlech manner Mënschen an der Akafsstrooss. Ma wouru läit dat a wat kann ee maachen, fir nees méi Leit an den Escher Stadzentrum ze kréien? Iwwert déi Froen hu mir mat engem Escher Geschäftsmann, dem President vum Escher Geschäftsverband a mat der Escher Gemengepolitik geschwat.
Virop e puer Zuelen. Aktuell zielt d’Stad Esch ronn 1.000 Geschäftsflächen. Wéi et op Nofro hi vun der Gemeng heescht, stinn aktuell ongeféier 20 Prozent dovun eidel. Well en Deel vun dëse Flächen allerdéngs op onattraktive Plaze sinn, denkt ee bei der Escher Gemeng driwwer no, dës ze re-affektéieren an d’Geschäftsaktivitéit ëm d’Uelzechtstrooss ze konzentréieren.
Ma och an der Foussgängerzon am Stadzentrum stinn den Ament 21 vun 115 Geschäftsflächen eidel.
Ma wouru läit et, dass 18 Prozent vun de kommerzielle Surfacen an der Uelzechtstrooss eidel stinn? De Georges Rasqui bedreift zanter 39 Joer e Vëlosbuttek an der Escher Brillstrooss, nëmmen e puer Meter vun der Uelzechtstrooss ewech. Senger Meenung no hätt Esch sech mam Ëmbau vun der Uelzechtstrooss an eng Foussgängerzon kee Gefale gemaach. Zanterdeem d’Leit net méi mam Auto bei d’Butteker fuere kënnen, hätt de Passage am Escher Zentrum däitlech ofgeholl.
Dem President vum Escher Geschäftsverband Nicolas Kremer no wier et en allgemenge Probleem, dass manner Leit an d’Stadzentere ginn. Dat hätt domat ze dinn, dass ëmmer méi Shoppingzenteren an de Peripherië vun de Stied wieren. Dat géif dozou féieren, dass d’Clientèle méi verdeelt a manner an de Stadzentere konzentréiert wier. D’Butteker an de Stadzentre wieren iwwerdeems vum Wieder ofhängeg. E Probleem, deen d’Shoppingzenteren net hätten. D’Foussgängerzonen, wéi se den Ament an de Stied sinn, wiere senger Meenung no dogéint ganz agreabel fir d’Leit, fir doduerch ze trëppelen.
Et missten awer Parkplaze ronderëm d’Foussgängerzon ginn, dass d’Leit sech no bei de Butteker parke kéinten, preziséiert den Nicolas Kremer, dee selwer eng Bijouterie an der Uelzechtstrooss huet.
Dem Georges Rasqui no wier dat allerdéngs net de Probleem. Ëm d’Parkplazen hätt d’Gemeng sech gekëmmert, et wier d’Strooss selwer, déi de Probleem wier. Et wier mëttlerweil eben esou, dass d’Leit mam Auto quasi an de Buttek fuere wéilten. Net fir näischt hätte verschidde Butteker schonn Drive-Innen installéiert. Ma d’Stad Esch géif a Saache Mobilitéit ëmmer méi restriktiv ginn. Et dierft een zum Beispill Mol net mam Vëlo an der Uelzechtstrooss fueren. Dozou géif nach kommen, dass Changementer am Stroossennetz dacks schlecht kommunizéiert ginn. Dat géif dozou féieren, dass ëmmer manner Leit de Wee op Esch fannen an de Passage ëmmer manner géif ginn.
Fir de Georges Rasqui misst et en Deel vun der Léisung sinn, d’Uelzechtstrooss rëm deels fir den Trafic opzemaachen an d’Parkingen d’Mëttesstonn iwwer gratis ze maachen.
Dem Nicolas Kremer no misst d’Escher Geschäftswelt de Clienten eppes bidden. Et géif net méi duergoen, moies um 9 Auer op an owes um 17 Auer nees zouzespären. D’Akafen zu Esch misst fir d’Leit en Erliefnis ginn. Nieft de Braderien, déi een all Joers mécht, kéint een d’Leit zum Beispill weekends mat speziellen Animatiounsprogrammer an den Escher Zentrum zéien.
Den Escher Stadzentrum beliewen a géint de Leerstand virgoen, dat huet ee sech och bei der Escher Gemeng op de Fändel geschriwwen. Ënner anerem huet een dowéinst 2018 de “Concept Local d’Activation pour la Revitalisation commerciale d’Esch” kuerz CLAIRE an d’Liewe geruff.
Wéi de Pim Knaff vun der DP, deen als Schäffen ënner anerem fir de Ressort Ekonomie zoustänneg ass, erkläert, setzt de Projet dofir op e puer Niveauen un: Virop géif een als Mediateur tëscht de Proprietären an eventuelle Commerçante fungéieren. Et géif drëms goen, béid Säiten un en Dësch ze kréien an d’Verhandlungen iwwert de Loyer matzegestalten. Donieft gëtt et e Pop-Up-Store, an deem Geschäftsleit hir Iddie fir eng limitéiert Zäit ausprobéiere kënnen, en Internet-Blog iwwert d’Escher Geschäftswelt, eng Online-Bourse, op där een déi fräi Geschäftsfläche fënnt an e Konzept, fir d’Haapt-Informatiounen iwwer eidel Geschäftsflächen direkt an de Vitrinne vun dëse Flächen ze kommunizéieren.
Rezent wieren nach weider Mesuren Deel vu CLAIRE ginn: Esou gouf eng Primme d’installation fir nei Geschäftsleit agefouert. Wie sech nei mat sengem Buttek zu Esch installéiert, ka bis zu 25.000 Euro un Ënnerstëtzung kréien. Ausserdeem gëtt et zu Esch elo de sougenannte Loyer locatif social. Dat funktionéiert esou, dass d’Gemeng eidel Geschäftsflächen zu favorabele Konditioune lount an dann zu nach bessere Konditiounen u Geschäftsleit weiderverlount. D’Differenz vum Loyer gëtt deen Ament vun der Gemeng couvréiert. Wärend maximal 3 Joer kéint e Commerçant vun esou engem Loyer locatif social profitéieren.
Déi zwee Commerçante si virun allem, wat de Projet vum Pop-Up-Store betrëfft, gedeelter Meenung. De Georges Rasqui gesäit virun allem d’Konzept vum Pop-Up-Store kritesch. Dëst kéint dozou féieren, dass Geschäftsleit vu bausse kéimen, fir den Escher Commercante Konkurrenz ze maachen. Him wier dat selwer passéiert, wéi e Vëlosbuttek sech an der Geschäftsfläch vum Pop-Up-Store néiergelooss hätt.
Den Nicolas Kremer gesäit déi Saach anescht. De Pop-Up-Store wier e gutt Konzept, dat et engem jonke Commerçant erlabe géif ze testen, ob e mat sengem Produit op der richteger Plaz wier, ouni dass hien dofir direkt e Bail ënnerschreiwe misst. Esou misst hie sech eréischt dann definitiv an engem Lokal néierloossen, wann hie sécher wier, dass seng Iddie funktionéiert.
Och de Pim Knaff léisst d’Kritik un de Pop-Up-Storen net gëllen. Déi al-agesiess Geschäftsleit hätten Esch als attraktive Geschäftspol kannt a laang vun dësem gelieft. Haut wieren d’Konditiounen anescht, an et wier wichteg, jonke Geschäftsleit an engem schwieregen Ëmfeld eng Chance ze gi sech ze installéieren.
E weidere Probleem, deen d’Escher Gemengepolitik gesäit, wier deen, dass verschidde Proprietären hir Lokaler manifestement net verloune wéilten. An der Uelzechtstrooss hätt een et aktuell mat zwee Fäll ze dinn, an deenen de jeeweilege Proprietär entweder keng Annonce fir ze verloune schalt oder en enorm héije Loyer freet. Doduerch géifen dës Proprietären an de Marché agräifen an der Stad Esch géif e Schued entstoen, well den Androck entstoe géif, dass een als Standuert fir de Commerce net méi attraktiv wier. Fir dëst Verhalen ze penaliséieren an d’Proprietären un de Käschten, déi der Stad Esch doduerch entstinn, ze bedeelegen, wëll d’Escher Gemeng eng Tax op de Leerstand aféieren. Dës läit den Ament beim Inneministère.
Esouwuel den Nicolas Kremer ewéi och de Georges Rasqui fannen d’Initiativ am Prinzip gutt, si sech awer net sécher, ob dës Steier an der Praxis effektiv eppes dozou bäidréit, de Probleem vum Leerstand ze behiewen. Proprietären, déi net bereet wären ze verlounen, géifen d’Tax wuel einfach bezuelen.
Dem Georges Rasqui no wier et och esou, dass d’Loyeren am Allgemenge géife stagnéieren. Déi al Butteker missten deelweis nach méi en héije Loyer bezuelen. Ma déi nei Loyere wieren awer méi accessibel. E Loyer vun 2.000 Euro wier fir e Commerce vu 70 bis 80 Metercarré an der Uelzechtstrooss jiddwerfalls ganz ok.
Den Nicolas Kremer verweist iwwerdeems drop, dass d’Geschäftsflächen, déi den Ament an der Uelzechtstrooss nach eidel stinn, ganz grouss wieren. Et wier net evident, nei Geschäftsleit ze fannen, déi direkt bereet wieren, e Loyer fir eng Fläch vun 1.500 Metercarré ze bezuelen.
Am Kampf géint de Leerstand steet Esch jiddwerfalls net eleng do. Dem leschte Retail-Rapport no stinn insgesamt 14,6 Prozent vun de Geschäftsflächen an de Lëtzebuerger Stadzenteren eidel.