Coronavirus zu LëtzebuergVunn 8.336 Tester waren der 480 positiv, weider 9 Persoune gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt 9 weider Mënschen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn.
© RTL

Am Ganze sinn et elo 384 Doudeger.

Aktuell sinn 216 Patienten hospitaliséiert, dovunner 47 op der Intensivstatioun.

Aktuell ginn et 8.755 aktiv Infektiounen, 30.898 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,0. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO