
Den immens waarme Summer an dat generell éischter dréchent Joer hate kloer en Impakt op eis Landwirtschaft.
D’Administratioun vun den technesche Servicer an der Agrikultur (ASTA) an hire Meteodéngscht AgriMeteo suivéieren dat, an hu festgestallt, dass Villes, wat ugeplanzt oder geséint gouf, 2022 ferm ze struewelen hat. Virun allem de Wanterweess, d’Gromperen, d’Summerkären, de Mais oder ganz einfach och d’Wisen an d’Grasweede fir d’Béischten hätte besonnesch gelidden.
D’Äppel- a Bierenzuucht wier am Joer 2022 éischter moer ausgefall, wougéint et awer anstänneg Erträg bei de Quetschen, Mirabellen a Kiischte gouf, ass am Joresbilan ze liesen.
An duerch wéineg Reen a waarm Temperaturen huet d’Drauwelies un der Musel och schonns den 22. August ugefaangen, ee Mount méi fréi wéi soss. De Millésime 2022 wier zwar gutt, mä vun der Quantitéit hir, wäert et manner Wäin ginn, wéi gewinnt.
AgriMeteo : 2022 l’année la plus chaude jamais enregistrée, signe d’un réchauffement climatique documenté au Luxembourg depuis 1838 (27.12.2022)
Communiqué par : ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural