HéichwaassermeldedéngschtWaasserpeegelen och un der Musel um Falen, Alarmbereetschaft opgehuewen

RTL Lëtzebuerg
Déi lescht Deeg huet et virun allem an de Vogeesen massiv gereent, wouduerch och de Peegel vun der Musel um Klamme war.
Stadbriedemes de 24.2.2024.
Stadbriedemes de 24.2.2024.
© Domingos Oliveira / RTL

Den Héichwaassermeldedéngscht war dowéinst och bis 16 Auer an Alarmbereetschaft. Vun en Donneschdeg u sinn d’Waasserpeegel un der Musel kontinuéierlech geklommen, dat och nach an der Nuecht op e Samschdeg.

Zu Stadbriedemes gouf den Héchststand vu 5,30 Meter mat Stand vu 5,23 Meter géint 9 Auer bal erreecht. Zu Réimech louch den Héchststand bei 4,52 Meter, och dësen gouf mat 4,43 Meter bal erreecht.

D’Peegele si bis an de Mëtteg eran bliwwen, ma du si se lues a lues erofgaangen. Géint 16 Auer huet den Héichwaassermeldedéngscht matgedeelt, datt d’Peegelstänn amgaange sinn ze falen an dëst och weider esou virauszegesinn ass. Mam Bléck op d’Wieder ass dann och net domadder ze rechnen, datt d’Waasserstänn nees ufänken ze klammen. Aus deem Grond gouf d’Alarmbereetschaft och opgehuewen.

Back to Top
CIM LOGO