“Fir et einfach ze halen: 3 Prozent vun de Fléissgewässer sinn an enger Zoustand deen “an der Rei“ ass. Dat heescht de ganze Recht ass schlecht bis ganz schlecht”, esou den Alain Schaack vun der Kläranlag Gréiwemaacher.
Änlech ass d‘Situatioun bei de Quellen. E Groussdeel vun eisem Drénkwaasser aus dem Krunn kennt vum Stauséi – awer och vun ënnerschiddleche Quellen. 5.500 m³ u Quellewaasser kënnen den Ament net genotzt ginn, well se ze vill belaascht sinn. Dat entsprécht engem Dagesverbrauch vun 42.000 Leit. Hei goufen op ville Plaze Schutzzonen opgesat.
Fir den Ausbau vu Kläranlagen, respektiv d’Renaturéierung vu Baachen a Flëss ze plangen, gëtt et vum Ëmweltministère e Waasserbewirtschaftungsplang. Deen – esou de Mouvement Ecologique – awer net agehale gëtt.
D’Blanche Weber vum Mouvement Ecologique: “Et ass jo relativ absurd. Stellt iech fir do ass eng Struktur, déi hëlt sech ëmmer nees Mesure fir. Déi publizéiert dat och nach – dat sinn e puer honnert Säite Pabeier an dann no e puer Joer gëtt gekuckt, wat ëmgesat gouf, well jo en neie Plang muss gemaach ginn. An da stellen déi einfach fest, datt a verschiddene Beräicher just e puer Prozent vun de geplangte Mesuren areecht goufen. An da gëtt eben en neie Plang erstallt, wou scho kloer ass, datt déi Ziler net all wäerten areecht ginn. Mir beléien eis jo do ganz einfach.“
D‘Waasser misst méi wäertgeschat ginn. Do sinn d‘Acteuren um Terrain an den Ëmweltministère sech eens. Et bedauert een, datt et an der Vergaangenheet zu Retarde koum. De Problem: fir ee Projet ëmsetzen, brauch et den “OK“ vu ganz villen Acteuren.
Dat erkläert den Tom Schaul, Conseiller Wasserberäich vum Ëmweltministère: “Fir d‘Ëmsetzung vun enger ganzer Rei vu Moossnamen, ewéi zum Beispill d‘Renaturéierung vu Baachen a Flëss bréicht een Terrainen. Déi Terrainen si dacks a privater Hand. Fir eng ganz Rei vu Mesure brauch een Terrainen, awer och d‘Acceptanz, engem Matwierke vu ganz vill Acteuren, déi net aus dem Waasserberäich kommen.“
Et kéint een net reng mat Verbueter spillen – zum Beispill bei Produiten déi an der Landwirtschaft an den Asaz kommen. D‘Acceptanz misst vum Terrain kommen, esou den zoustännege Ministère. Och d‘Enteegne vun Terraine wier schwiereg a géif laang daueren. Vill Efforte wieren awer am Passé gemaach ginn, déi lues a lues Friichten droen, esou den Tom Schaul.
“An de leschten 20 Joer si ganz vill Efforte gemaach ginn a Kläranlagen. Duerch d‘Kläranlagen hu mer d‘Närstoff-Anträg an de Flëss ëm 50 Prozent reduzéiert. Et sinn och Studien amgaangen, fir ze kucken, datt déi grouss Kläranlag och d‘Mikropolluanten, ewéi d‘Rechter vu Medikamenter, an Zukunft erausgefiltert kréien.“
Fir d‘Waasserqualitéit vu beispillsweis der Schwäiz ze areechen, géif awer schwiereg ginn. Dofir wier Lëtzebuerg ze staark besidelt an hätt ze vill kleng Baachen, déi immens sensibel op Dréchent a Pollutioune sinn.