
Wann een déi aktuell Previsioune kuckt, dierft et vun e Mëttwoch den Owend u lassgoe géint 21 Auer. Do si scho bis zu 70 Stonnekilometer méiglech. Am heftegsten dierft et géint 3 oder 4 an der Nuecht ginn. Do muss een dann domat rechnen, dass bis zu 100 km/h méiglech sinn oder souguer en Tick méi. Dat entsprécht engem “Beaufortgrad” vun 10 bis 11, wat als “Stuerm” oder “schwéiere Stuerm” aklasséiert gëtt. Do muss een dann dovun ausgoen, dass et zu Schied un Haiser ka kommen a Beem wäerten aus dem Buedem gerappt ginn, oder briechen. Eréischt am Laf vum Donneschdeg den Owend soll sech d’Situatioun berouegen.
Fir Deeler vun Däitschland ass dann och schonn eng Orkan-Warnung erausgaangen, sou zum Beispill zu Berlin. Un der Nord- an Ostsee rechent ee souguer mat Stuerm bis zu 150 Stonnekilometer, an deementspriechend och mat enger “hefteger Sturmflut”.

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?