
En Donneschdeg hat d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer eng Entrevue mam Policeminister. Hei goung et drëm, datt d’Police soll Sans-abrien aus den Agäng vun de Gebaier an der Stad ewech huelen.
An engem Schreiwes e Freideg huet d’Police op d’Aussoe vun der Stater Gemengemamm reagéiert. Den Artikel 5bis vum Policegesetz garantéiert de Bierger den Zougang zu ëffentlechen oder private Gebaier, esou d’Police an op Nofro vun RTL. Sollte Leit dës Entréeë behënneren an domadder d’Beweegungsfräiheet vun anere limitéieren, reagéieren d’Beamten esouwuel op all Appell vun de Bierger ma och, wa et hinne bei Patrullen opfält.
Wat Leit a Nout ugeet, déi an Entréeë kënne sinn, weist d’Police drop hin, datt se déi Leit net kann zwéngen vun den Hëllefsstrukture gebrauch ze maachen, mä se just drop hiweisen. Si kéinten d’Leit awer, esou wéi dat neit Gesetz vun dësem Summer virgesäit, aus engem Aus- oder Agang eraushuelen an d’Rettungsdéngschter alarméieren.