Lydie Polfer hat Entrevue mam PoliceministerKal Nuechten: D'Police soll d'Sans-abrien aus Hausagäng an der Stad ewechhuelen

Claudia Kollwelter
Virun allem mat der Wanteraktioun hätten Leit, déi op der Strooss liewen, d'Méiglechkeet, déi kal Nuechten ënner Dag ze schlofen.
© RTL-Archiv

“An der Stad muss keen dobausse schlofen!”, dat huet d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Mëttwoch um CityBreakfast betount. Et géif awer net jiddereen dorop zréckgräifen. Dobäi wier d’Offer grouss an divers.

Et wier net, wéi wann ee sech net ëm dës Leit wéilt këmmeren, huet d’Stater Buergermeeschtesch betount. Wéinst de kalen Temperaturen an dem Faite, datt nach ëmmer vill Leit an Agäng vun Haiser géife schlofen, hätt een eng Entrevue mam Policeminister Kox gehat, huet d’Lydie Polfer betount. D’Fuerderung wier kloer gewiescht: d’Gesetz, wat am Summer gestëmmt gouf, fir datt Leit net méi kënnen a sollen an den Agäng vun Haiser schlofen, misst ëmgesat ginn:

“Well d’Police kann d’Leit ewech huelen a ka se forcéieren, aus den Agäng vun den Haiser ewech ze goen. Dat geschitt awer ganz wéineg. Ech hunn awer gesot, wann et elo kal gëtt an t’geschitt eppes deene Leit, déi do sinn, ass dat non-assistance à personne en danger.”

Ma och wa genuch Better do wieren, géifen et nu mol Leit ginn, déi awer decidéieren op der Strooss ze bleiwen. De Christof Mann vun der Direktioun vun den Affaires sociales vun der Stad Lëtzebuerg erkläert, datt dat ënnerschiddlech Grënn huet:

Mir hu Leit, déi wéinst hirer Sucht-Problematik nuets nach op de Bee sinn, Leit, déi gedriwwe sinn vun hire banneschten Dämonen, déi psychesch krank sinn an onroueg sinn oder klaustrophobesch Zoustänn hunn. An dann hu mer Leit, déi heihi kommen, fir ze heeschen, wou jidderee säin Terrain huet an eng gutt Plaz huet, fir ze heeschen a se net wëll hierginn”.

Fir zum Beispill Leit mat psychesche Problemer géif ee kucken, fir zesumme mat der Santé Plazen ze schafen, déi sech spezifesch un déi riichten. Dat wier allerdéngs immens schwéier, well d’Krankheet u sech en Deel vun der Problematik wier, huet de Christof Mann nach betount.

Back to Top
CIM LOGO