
Den naassen Dag vun en Donneschdeg war also do net mat derbäi. D’Temperaturen dëse Wanter ware bis elo vill méi héich wéi déi duerchschnëttlech Wäerter tëscht 1991 an 2020.
Et war mat 4,4 Grad den zweetwäermste Wanter um Findel zanter 1947, 2,5 Grad iwwert der Moyenne. De Februar war dee wäermsten, dee jee um Findel gemooss gouf. Nëmme 26 Deeg mat Frascht gouf et. Op 9 Deeg louch Schnéi, dat ass däitlech ënnert der Moyenne vun 21 Deeg.
D’Sonn huet sech bis ewell dëse Wanter just 60% vun deem gewisen, wat ee soss gewinnt war. Nach ni gouf et e Februar (um Findel) mat sou wéineg Sonn wéi dëse Mount.