
E Sonndeg am spéiden Owend krut d’Police an der Cité Militaire zu Dikrech e Chauffer gemellt, deen hannert dem Steier ageschlof war. De Moteur ass nach gelaf an den Auto war beschiedegt. Well de Mann refuséiert hat, en Alkoholtest ze maachen, gouf säi Fürerschäin agezunn an e Protokoll géint hien erstallt. Och hunn eng Rei Autospabeiere gefeelt, säi Gefier gouf dowéinst immobiliséiert.
Kuerz virun Hallefnuecht gouf eng Fuererin gemellt, déi op der A1 a Richtung Däitschland ënnerwee war a wéinst hirer Fuerweis opgefall war. Well si däitlech ze vill gedronk hat, krut och si hire Permis ofgeholl.
E provisorescht Fuerverbuet gouf et e bësse méi spéit géint e Mann an der Rue Jean l’Aveugle zu Esch-Uelzecht, well hie wärend dem Fuere säin Handy benotzt hat. En Alkoholtest ass positiv ausgefall.
An der Nuecht op e Sonndeg missten d’Beamten dunn an der Rue de Hollerich an der Stad e Chauffer stoppen, deen ouni Luuchten ënnerwee war. Och hei war den Alkoholtest positiv, dowéinst gouf och hien e provisorescht Fuerverbuet.