CSSFWarnung viru Kristalyne Wealth Care

RTL Lëtzebuerg
D'Iwwerwaachungs-Kommissioun vum Finanzsecteur CSSF warnt virun den Aktivitéite vun enger Entitéit mam Numm "Kristalyne Wealth".

Et gëtt behaapt, datt d'Adress vum Siège 25A Boulevard Royal an der Stad wier. Allerdéngs wéisst d'CSSF näischt vun der Entreprise a warnt dowéinst och virun hirer Websäit "www.kristalynewealth.com".

D'Iwwerwaachungs-Kommissioun vum Finanzsecteur deelt mat, datt d'Entitéit hinnen net bekannt wier a si keen Agrement hätt, fir Investissementsservicer a gestion de patrimoine ("Family Office") ze maachen.

PDF: Communiqué vun der CSSF (25.11.19)

Back to Top
CIM LOGO