CSSFWarnung virun "net bekannter Entitéit" mam Numm "Webnet"

RTL Lëtzebuerg
D'Iwwerwaachungs-Kommissioun vum Finanzsecteur CSSF warnt virun den Aktivitéite vun enger Sarl mam Numm "Webnet".

Hiren Internetsite ass www.2dots.com. Et gëtt behaapt, datt d'Adress vum Siège op Nummer 5 an der Rue Heinrich Heine an der Stad wier.

D'CSSF deelt mat, datt déi Entitéit net bekannt wier a keen Agrément hätt, fir Finanzdéngschtleeschtungen ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO