
Net eréischt zanter der Pandemie, wärend där den Tourismussecteur jo zu deene gehéiert, déi am stäerkste getraff goufen, zirkuléiere Rumeuren an der Branche, dass dës 5 separat Entitéite kéinte fusionéieren. Wat ass do drun a wat halen d'Acteure vun esou enger Iddi?
Et gëtt 5 ORTen uechter d'Land. Fir den Mëllerdall, d'Éislek, d'Guttland, d'Musel an de Süden. D'Missioun vun dësen regionalen Tourismusbüroen ass dobäi net nëmme fir eng Regioun qualitativ opzewäerten, fir méi Touristen unzezéien, ma och fir de Kontakt tëscht de ganzen Acteuren um Terrain hierzestellen. A genee dofir kënnt eng Fusioun och net a Fro, fënnt de President vum gréissten ORT am Mëllerdall de Christophe Origer.
„Et ass fréier scho mol esou eppes gi wéi een ONT (Office national du tourisme), do ass een och dovu fort komm. Dat war am Fong esou eng zentraliséiert Versioun. Do ass een dovu fort komm, well een einfach mierkt, dass een awer éischtens an deene verschiddene Regioune scho mol aner Besoinen huet, virun allem vun den Acteuren, vun eise Betriber an dann awer och wat d'Touristen ugeet, huet een en anere Service, en aneren Tourismus, deen een ubitt. An da virun allem, mierkt een einfach generell, dass et extrem wichteg ass, dass ee sou no wéi nëmme méiglech bei den eenzelen Acteuren ass an do virun allem och bei de Gemengen ass an bei den eenzele Syndikater an de Gemenge ass.“
Natierlech missten et awer Changementer ginn. D'ORTe missten sech professionaliséieren.
„Grad elo an der Covid-Zäit, wou eis Acteure wierklech déi sinn, déi ganz staark ënnert der Situatioun leiden, och aktuell nach. Eis Hotellen, eis Jugendherbergen, eis Campingen, eis Gitten. Dat d'ORTen esou professionaliséiert ginn, dass se kënne sou staark wéi méiglech kënnen un hirer Säit stoen, an do och – wann elo d'Relance kënnt vum Tourismus, an dat hoffe mer jo gläich – erëm den Tourismus bësse kann normal lafen, dass een dann och direkt staark kann do stoen, fir dann direkt mat unzerappen.“
Den Luxembourg City Tourist Office ass ee Syndicat d'initiative, deen als Aufgab huet, den Tourismus an der Stad ze promouvéieren a kéint och vun enger eventueller Fusioun betraff sinn. De Stater CSV-Schäffe Serge Wilmes ass responsabel fir den LCTO.
„Bis elo huet nach keen offiziell mat ons doriwwer geschwat. Mee ons Positioun dozou ass kloer. Fir d'Stad Lëtzebuerg kënnt et net a Fro, dass den LCTO géing mat den ORTe fusionéieren. De LCTO wäert weider onofhängeg bleiwen. Dee mécht elo schonn zanter Joerzéngten eng ganz gutt Aarbecht fir d'Touristenpromotioun an der Stad fir d'Stad Lëtzebuerg. An dat wäert och weider sou an Zukunft bleiwen.“
Eisen Informatiounen no wären et wuel Diskussioune ginn, fir eng méi zentral- a méi professionell Tourismus-Struktur, fir de Grand-Duché opzebauen, ma wéi de Mëttelstandsministère wësse léisst, wiere keng Fusioune vun ORTe geplangt. Op d'mannst kéint et awer sinn, sou héiert een, dass mol online eng zentral Struktur soll entstoen fir de Lëtzebuerger Tourismus dobaussen ze vertrieden.
