
D’Wirtschaft heiheem ass um Keimen. Lëtzebuerg kënnt dëst Joer net laanscht eng Rezessioun. Esou steet et am Rapport vum “Comité économique et financier national” am Kontext vun de Koalitiounsgespréicher.
Dee PIB kéint um Enn vun dësem Joer bei -0,8 Prozent oder souguer manner leien. Et sinn also Zuelen, déi de Formateur Luc Frieden krut. De Jean-Marc Sturm beschäftegt sech mat de groussen Zich vun enger Rezessioun.
Et ass ee vun de grousse Konjunkturcyclen nieft Opschwong, Boom an Depressioun. An der Ekonomie schwätze ee vu Rezessioun, wann d’Wirtschaft an de Minus dréint.
Basis ass de PIB, d’Bruttoinlandprodukt. Wann dee PIB zwee Quartaler noeneen am Joresverglach am roude Beräich ass, dann ass een technesch gesinn an der Rezessioun.
D’Ursaache fir Rezessioun si villfälteg. Aktuell sinn et d’Nowéie vu Covid, de Krich an der Ukrain, d’Hausse vun der Inflatioun an domadder verbonnen der Hausse vun den Zënsen an, net ze vergiessen, déi héich Energiepräisser.
D’Repercussioune vun der Rezessioun op d’Ekonomie wierke sech och op eisen Alldag aus: D’Léin klamme manner, d’Nofro beim Konsum geet zréck, d’Firme verdéngen also manner mat als Konsequenz, dass gespuert gëtt bei den Investitiounen an um Niveau vum Emploi, mat awer och engem Plus u Kuerzaarbecht.
Ganz iwwerraschend ass déi aktuell Entwécklung net a se ass och näischt komplett Neies: Mir hate scho quasi weltwäit esou grouss Rezessiounen, dorënner d’Pëtrolskrisen aus de Jore 1975 an 1980 oder déi grouss Finanzkris 2008.
Elo ass et net, fir Panik ze maache mam Gespenst vun enger Depressioun, well een dovunner ausgeet, dass de PIB d’nächst Joer nees ëm 1,5 Prozent wuesse wäert. Rezessioun, esou verschidden Experten, deet zwar wéi, mä se ass gesond, fir datt d’Wirtschaft sech vum Iwwerhëtzen erhëlt an nees an den Equiliber kënnt.