
Maskeflicht, limitéiert Zuel vu Leit, déi een dierf gesinn, gewëssen Auerzäiten, wou ee muss doheem sinn. Déi Reegele waren emol méi, emol manner streng. Net einfach, den Iwwerbléck ze behalen. D'lescht Woch huet d'Police 360 Kontrollen am Coronakontext gemaach. Ronn 250 Persoune kruten e Protokoll. 60% dovunner haten d'Ausgangsspär net respektéiert.
D'Ausgangsspär ass ouni Zweiwel eng vun de restriktiivste Moossnamen. Deplacementer am ëffentleche Raum si vun owes 23 Auer bis moies 6 Auer verbueden. Ausser fir eng berufflech Aktivitéit, wann ee bei den Dokter muss, oder zum Beispill fir d'Besoine vun engem Hausdéier. Am Ganze gëllen 9 Ausnamen.
De Rescht vum Dag kann ee sech fräi beweegen. Versammlungen dobannen an dobausse sinn erlaabt, esou laang manner wéi 100 Persounen zesumme sinn. De Konsum vun Alkohol am ëffentleche Raum ass verbueden.
D'Gestes barrières musse weider respektéiert ginn. Wichteg ass hei, ze wëssen, datt Masken an ëffentlechen Administratiounen, Butteker, Supermarchéen an am ëffentlechen Transport obligatoresch sinn.
Eng Mask muss och gedroe ginn, wa méi wéi 4 Leit, déi net aus dem selwechte Stot sinn, zesummekommen. Do muss dann och d'physesch Distanz vun 2 Meter agehale ginn. Wa méi wéi 10 Persounen zesummekommen, a bis maximal 100, da muss et zougewise Sëtzplaze ginn. Kanner ënner 6 Joer mussen net eng Mask unhunn.
Bei Fräizäitaktivitéite gëllen déi nämmlecht Reegele wéi bei Rassemblementer. Sportlech Aktivitéiten si méiglech ouni Mask, awer maximal zu zwee. Wann d'Distanz vun 2 Meter agehale gëtt, däerfe maximum 10 Persounen zesumme Sport maachen.
D'Geschäfter sinn op, hei gëllen awer sanitär Mesuren. D'Limitatioun vun engem Client op 10 Meter/Carré zielt.
Caféen, Baren, Restaurante sinn zou. Take-away, respektiv Drive-In oder Liwwerdéngscht bleiwen erlaabt. D'Hoteller bleiwen op, mat awer Room-Service.
Kulturell Institutioune wéi Muséeë sinn nees op, ma ënner strenge Reegelen. Maske sinn obligatoresch.