ZockerkrankheetWat bedeit d'Covid-Krankheet fir Diabetiker?

Lynn Cruchten
Am Kader vun der aktueller Corona-Pandemie gëtt ëmmer nees vu vulnerabele Persoune geschwat.
Wat bedeit d'Covid-Krankheet fir Diabetiker?
Am Kader vun der aktueller Corona-Pandemie gëtt ëmmer nees vu vulnerabele Persoune geschwat.

Vu Leit also, déi éischter riskéieren, e schlëmme Verlaf vun der Covid-Krankheet ze erliewen, wa se sech mam Coronavirus ustiechen. Zu där Kategorie vu „Personnes à risque“ zielen och Diabetiker. Virun allem déi vum Typ 2.

Dat well dës Form vun der Zockerkrankheet virop eeler an iwwergewiichteg Mënschen trëfft, déi dacks och schonn aner Problemer mat Häerz oder Nieren hunn an doduerch méi ufälleg sinn.

De Larry Bonifas huet zënter méi wéi 30 Joer Diabetis vum Typ 1, wat als Jugenddiabetes bezeechent gëtt. Well hie säin Zocker awer mat Hëllef vun der Insulinpompel relativ gutt am Grëff huet, gesäit hie sech net méi engem Infektiounsrisiko ausgesat, wéi aner Persounen, déi net zockerkrank sinn.

Nawell passt hien op d’Gestes barrières iwwerall ze respektéieren. Disziplin ass hie gewinnt, well als Diabetiker gëllt et ëmmer opzepassen, zum Beispill och beim Iessen, fir d’Consommatioun u Kuelenhydrater an d’Quantitéit un Insulin openeen ofzestëmmen.

Back to Top
CIM LOGO