Mam Zuch dohin, mam Vëlo zréckKleng Iwwerraschunge bei Visitt vu groussherzoglecher Koppel am Minett

Ryck Thill
Bei der éischter Joyeuse Entrée vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse hate si fir e puer Iwwerraschunge gesuergt. Beim gudde Wieder hate vill Leit de Wee an de Minett fonnt.

Nom Trounwiessel am Oktober war e Freideg déi éischt Joyeuse Entrée" vum Grand-Duc Guillaume an der Grande-Duchesse Stéphanie. An dat zu Esch. Schonn dem Guillaume säi Grousspapp, de Grand-Duc Jean, hat seng éischt Joyeuse Entrée an der Minettmetropol, de 7. Mäerz 1965.

D'Joyeuse Entrée vun der groussherzoglecher Koppel zu Esch am Resumé
Bei der éischter Visitt vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse gouf et e puer Iwwerraschungen. Beim gudde Wieder hate vill Leit de Wee an de Minett fonnt.

D'Arrivée vum Grand-Duc Guillaume an der Grande-Duchesse Stéphanie war éischter ongewinnt. D'groussherzoglech Koppel koum mam Zuch op de Belval. D'Lokomotiv hat den Design vum Trounwiessel.

Um Quai war deen éischten offiziellen Accueil. Hei goufe si vum Escher Buergermeeschter Christian Weis, dem Chamberpresident Claude Wiseler an dem Minister Gilles Roth als Vertrieder vun der Regierung empfaangen.

Andréck vun der Joyeuse Entrée am Minett
Beim gudde Wieder hate vill Leit de Wee op Esch an op de Belval fonnt, fir déi éischt Visitt vun der groussherzoglecher Koppel hirem Tour duerch d'Land.

Vun der Gare aus goung et erof virun d'Rockhal, wou d'Scouten op d'Éieregäscht gewaart hunn. De Grand-Duc, dee jo Chef-Scout zu Lëtzebuerg ass, an d'Grand-Duchesse kruten dobäi e Foulard vun den "Diables Rouges" iwwerreecht.

Esou gouf déi groussherzoglech Koppel um Belval empfaangen
De Pierre Weimerskirch huet d'Ambiance agefaangen

D'Visitt zu Esch huet der ganzer Regioun gegollt. Um Wee duerch de Belval gouf d'Koppel no an no de Vertrieder vun den anere Süd-Gemenge virgestallt.

Den Optakt vun den Joyeuses Entrées war och net zoufälleg gewielt. De Belval ass e Symbol fir d'Entwécklung vum Land, wou Vergaangenheet an Zukunft sech d'Hand ginn. Hei gouf iwwer Joerzéngte Stol produzéiert. Haut steet de Quartier fir Fuerschung an Entwécklung.

D'Zukunft war dann och de roude Fuedem vun der Expo, déi de Groussherzog presentéiert krut. Modern Betriber, eng innovativ a kreativ Wirtschaft, mat Fokus op Raumfaart an Technologie.

"Moien, moien, moien"
Begréissungen a Fändelen um Belval

Ënnert den Héichiewen hat d'Musekerin a fréier ESC-Kandidatin Laura Thorn de Groussherzog bei sengem Tour iwwert déi verschidde Stänn begleet.

Um Vëlodukt: de Peloton vum Grand-Duc
Mat Lok a Musek ...

Grad ewéi d'Arrivée war och den Depart éischter ongewéinlech. Fir den zweeten Deel vun der Visitt war de Grand-Duc nämlech mam Vëlo op Esch gefuer. Dat iwwert den neie Vëlodukt oder besser gesot de Vëlo-Duc.


Hei nach emol eise Liveticker vun der éischter Joyeuse Entrée mat alle Videoen, Fotoen an Andréck:

Back to Top
CIM LOGO