Background am Gespréich (25.4.26) - Georges Ternes, Nicole Ikuku, Denise Richard a Fernand SchaberDrock op d'Entwécklungshëllef wiisst, Engagement bleift

Maxime Gillen
E Samschdeg war d'Entwécklungshëllef Thema an eiser Emissioun "Background am Gespréich" um Radio.
Drock op d’Entwécklungshëllef wiisst, Engagement bleift
E Samschdeg war d'Entwécklungshëllef Thema an eiser Emissioun "Background am Gespréich" um Radio.

Krisen, Kricher, politesch Spannungen..  och fir d'Entwécklungshëllef gëtt d’Ëmfeld an d’Aarbecht net méi einfach. Dat war de Constat vun eise véier Invitéeën an der Emissioun Background am Gespréich e Samschdeg an der Mëttesstonn.

Dat waren:
d'Nicole Ikuku, Direktesch vum Cercle de coopération des ONG,
d'Denise Richard, Direktesch vun der Fondatioun Partage,
de Fernand Schaber, President vun der Unity Foundation,
an de Georges Ternes, Direkter fir Kooperatioun am Ausseministère.

Den Engagement bleift awer bestoen, och vu Lëtzebuerger Säit. Lëtzebuerg investéiert aktuell 1 Prozent vum nationale Revenu an déi international Kooperatioun. An dat soll och esou bleiwen, huet de Georges Ternes nach emol präziséiert, nodeems den zoustännegen DP-Minister Xavier Bettel dat rezent a Fro gestallt hat. Sengem Ministère géing et an der Haaptsaach ëm Transparenz goen. Et hätt ee wëlle kloer stellen, wéi eng Depensen zousätzlech zum Kooperatiounsbudget gemaach ginn, déi also iwwer deen ee Prozent géingen erausgoen.

Projeten an der Entwécklunshëllef an an der Lutte géint d’Klimakris wiere sech deels ganz änlech. Et wier een och a Gespréicher mam Ëmweltministère fir Synergien ze kreéieren an "Overlappen" ze vermeiden. Iwwerleeungen, déi d’Direktesch vum Cercle de coopération des ONG Nicole Ikuku novollzéie kann. Si hätt sech awer gewënscht hätt, datt am Virfeld besser doriwwer informéiert gi wier.

D'Invitéeë ware sech eens, datt deen ee Prozent vum nationale Revenu, deen an déi international Kooperatioun fléisst, Lëtzebuerg weltwäit distinguéiert. Et kéint een houfreg dorop sinn, esou d’Nicole Ikuku.

Weltwäit gekuckt ass d’Situatioun eng aner. Zejoert huet den US-President Donald Trump decidéiert déi amerikanesch Hëllefe quasi komplett ze sträichen. D’Kooperatiounsagence USAID gouf vun haut op muer esou gutt ewéi opgeléist. Och eng ganz aner Rei EU-Länner hunn hir Kooperatiounsbudgete gekierzt, dorënner och Däitschland.

Bannent dräi Joer sinn d’Suen, déi international an de Secteur fléissen ëm méi ewéi 30 Prozent zeréckgaangen, seet den Direkter fir Kooperatioun am Ausseministère Georges Ternes. Dat wier katastrophal. Suen, déi um Terrain feelen. Am Ruanda zum Beispill hätten eng ganz Rei ONGen hir Aktivitéite missen astellen, bedauert d’Denise Richard. Doduerch géingen déi lokal Partner staark ënner Drock geroden. Et hätt ee séier reagéiert a gekuckt, datt d’Leit, déi op Hëllef ugewise sinn, kënne schaffe goen, fir sech selwer ze hëllefen, mee dat bräicht awer Zäit. Déi Leit wieren aktuell schlecht drun.

Dat ass awer net den eenzege Grond, datt d’Aarbecht um Terrain ëmmer méi schwéier gëtt. Plazeweis gëtt et och méi geféierlech fir d’Mataarbechter vun den ONGen, esou zum Beispill an der Sahel-Zon. Lëtzebuerg huet d’Entwécklungsaarbecht am Mali, Burkina Faso an Niger gestoppt an d’Ambassaden zougemaach. Den Dialog mat de Militärautoritéite wier deels onméiglech, erkläert de Georges Ternes. Der Denise Richard hir Organisatioun ass nach weider am Mali aktiv. Awer net méi laang, wéi si selwer seet. Esou wéi d’Situatioun aktuell am Mali ass, kéint een nämlech keng nei Projete méi maachen, bedauert si.

Hei am Land huet de Secteur sech mussen nei opstellen am Beräich vun der Sensibiliséierungs- an Educatiounsaarbecht. Eng Nouveautéit ass d’Maison des ONG op der Stater Gare. De Fernand Schaber begréisst, datt do sënnvoll Partenariater kënnen entstoen an en Echange tëschent den ONGen. Wat d’Sensibiliséierung an de Schoulen ugeet, do gesäit de President vun der Unity Foundation ee grousse Besoin. Et wier wichteg, datt déi Jonk verstinn, wat d’Kooperatioun ass a wat et hinnen och bréngt solidaresch an empathesch ze sinn.

E Samschdeg war d'Entwécklungshëllef Thema an eiser Emissioun "Background am Gespréich" um Radio.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.

Back to Top
CIM LOGO