Nom politesche Superwaljoer 2023 an nach virun den Europawalen am Juni dëst Joer, sinn déi nach schaffend a pensionéiert Salariéen zu Lëtzebuerg gefuerdert hir Stëmmen am Kader vun de Sozialwalen ofzeginn. Per Bréifwal konnt een iwwert déi lescht Woche schonn d’Vertrieder fir d’Chambre des Salariés wielen.
Ween dierf wielen?
D’Sozialwale gëllen als déi gréisst an demokrateschst Walen am Grand-Duché. Si concernéieren all d’Salariéen aus dem Privatsecteur, Pensionnairen, Léiermeedercher a Léierjongen (vu 16 Joer un) an och Chômeuren, déi zu Lëtzebuerg eng Indemnitéit ausbezuelt kréien. D’Nationalitéit an de Wunnsëtz spille bei de Sozialwale keng Roll. Am Ganzen kommen esou iwwer 600.000 Walberechtegter zesummen.
Ween ass an der CSL a wat sinn hir Missiounen?
D’Chambre des salariés gëtt och als Parlament vun der Aarbecht bezeechent. 60 Gewerkschaftler sinn doranner vertrueden. Hir Haaptmissioun ass et, Avisen zu Gesetzesprojeten ze schreiwen, déi déi schaffend Leit direkt oder indirekt concernéieren, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der CSL:
“Esou kënne mer dann Afloss huelen op d’Gesetzgebung, natierlech en Faveur vun de soziale Rechter vun de Leit. Mä et sinn net nëmme sozial Rechter au sens strict. Dat geet natierlech och méi wäit. Mir befaassen eis och vill mat der Steiergesetzgebung, och mam Konsumenteschutz, och mat Formatioun. Educatioun ass och e ganz grousse Volet vun eisen Aktivitéiten. Do si mer d’ailleurs och mat abezunn an der Organisatioun vum Apprentissage, wou mer och do hëllefen, déi Jonk ze encadréieren, d’Programmer ausschaffen an den Examenskontrollen an awer och wann et géif zum Sträitfall kommen tëscht Léierling a Patron, dass mer do och deem Jonke kënnen zur Säit stoen.”
Wéi gëtt an der Praxis gewielt?
All Walberechtegte kritt déi néideg Ënnerlage per Post heemgeschéckt. Do ass de Walziedel passend zum Beruffsgrupp dran, d’Reegelen an zwou Enveloppen.
Insgesamt ginn et 9 Beruffsgruppen. Dat geet vun der Eisen- a Stolindustrie, iwwer aner Industrien, d’Bauwiesen, de Finanzsecteur, aner Servicer, ëffentlech Verwaltungen an Entreprisen, Gesondheet a Soziales, déi national Eisebunnsgewerkschaft bis hin zu de Pensionnairen. D’Sëtz an der Chambre des salariés si fir all Grupp ënnerschiddlech.
Wie sinn déi néng Gewerkschaften?
Lëscht 1: LCGB - Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschafts-Bond
Lëscht 2: OGBL - Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg, Confédération syndicale indépendante du Luxembourg
Lëscht 3: ALEBA
Lëscht 4: FGFC - Gewerkschaft vum Gemengepersonal
Lëscht 5: SYPROLUX
Lëscht 6: SEA - Syndicat des employés du secteur de l’aviation
Lëscht 7: NGL-SNEP
Lëscht 8: CLSC - Confédération luxembourgeoise des syndicats chrétiens
Lëscht 9: Neutrale Verband Gemeng Lëtzebuerg N.V.G.L.
Wéi dierf ee seng Kräizer verdeelen?
Et ginn dräi Méiglechkeeten, genee wéi bei de Gemengen- a Parlamentswalen.
Entweder et wielt een eng eenzeg Lëscht a gëtt domat jidderengem vun där Lëscht eng Stëmm. Oder et wielt ee fir vereenzelt Kandidaten innerhalb vun enger Gewerkschaft, wou dann och zwee Kräizer pro Persoun méiglech sinn. Oder et kann ee panachéieren a seng Stëmmen op verschidde Lëschten opdeelen.
Déi maximal Unzuel u Kräizer, déi ee däerf maachen, ass um Walziedel uginn.
Wann ee seng Kräizer gemaach huet, mécht een de Stëmmziedel fir d’éischt an déi neutral brong Enveloppe, an dat Ganzt dann an déi giel Enveloppe, déi ee bis spéitstens den 12. Mäerz muss zréckschécken. Et ass keng Ënnerschrëft néideg an et brauch een och keen Timber.
Sozialwalen intern an de Betriber
Niert dem Gremium vun der CSL ginn am Kader vun de Sozialwalen och d’Personaldelegéiert an de Betriber gewielt. Awer just an deene mat op d’mannst 15 Mataarbechter. Déi Wal gëtt den 12. Mäerz an den Entreprisen organiséiert.
Genee wéi Parteien hunn och déi verschidde grouss Gewerkschaften méi oder manner versicht mat Plakater a Flyeren vun hiren Iddien an Engagementer z’iwwerzeegen. Virop fir d’Vertriedung an der CSL, mee och intern an den Entreprisen am Privatsecteur.
Wéi ville Kandidaten ee wéi vill Stëmmen ka ginn, hänkt vun der jeeweileger Gréisst vum Betrib of. Bei engem Betrib vun 201 bis 300 Salariéen zum Beispill besteet d’Personaldelegatioun aus 6 Effectiffen a 6 Suppleanten. Deemno kënnen an deenen Entreprisen insgesamt 12 Leit gewielt ginn.
A Betriber mat 15 bis 99 Mataarbechter gëtt nom Majorzsystem gewielt, also eenzel Käpp. An Entreprise mat op d’mannst 100 Salariéen gëllt de Proporzsystem, wou d’Gewerkschaften eben eng Roll spillen. Woubäi et op ville Plazen och fräi Lëschten ginn. Bei de Sozialwale viru 5 Joer waren 58% vun den insgesamt 16.500 gewielte Personaldelegéierten neutral, also net Member vun engem Syndikat. Kuckt ee reng déi Betriber, wou am Proporzsystem gewielt gouf, waren zwee Drëttel vun de Personalvertrieder Gewerkschaftler.
Den OGBL representéiert bei de betribsinterne Sozialwalen dëst Joer iwwregens méi wéi 6.100 Kandidaten a ronn 830 Entreprisen. Déi zweet gréisst Gewerkschaft am Land, den LCGB, kandidéiert mat bal 4.300 Memberen a ronn 540 Betriber. Allebéid Syndikater schwätze vun neie Rekordzuelen. Bei de Sozialwalen gëllt keng Walflicht. 2019 haten nëmmen 33% vun de Salariéen vun hirem Walrecht Gebrauch gemaach.
D’Aufgab vun der Personaldelegatioun ass et, mam Patron ze diskutéieren, Kollektivverträg mat ze verhandelen an allgemeng d’Rechter vun de Mataarbechter ze verdeedegen.
E kuerzen Historique: De laange Wee zu de Sozialwalen
LINK: Weider Detailer bei eise Kolleege vun RTL Infos