Vill flott Meekränz-FotoenWat gëtt den 1. Mee gefeiert a wou kënnt d'Traditioun vum Meekranz hier?

RTL Lëtzebuerg
Den 1. Mee ass als Dag vun der Aarbecht zu Lëtzebuerg e Feierdag. Ma fir d'Originn vum éischte Mee ze fannen, muss ee méi wäit an der Zäit zeréckgoen.

Den 1. Mee 1856 koum et an Australien, um aneren Enn vun der Welt also, zu enger Massendemonstratioun vun Aarbechter, déi den Aacht-Stonnen-Dag gefuerdert hunn. Dëst Evenement steet um Ufank vum 1. Mee als internationalen Dag vun der Aarbechterbeweegung.

30 Joer drop, den 1. Mee 1886, kënnt et an den USA, virun allem zu Chicago, zu Demonstratioune vun Aarbechter, déi verlaangen, dass den Aarbechtsdag op 8 Stonne limitéiert gëtt. Deen Ament louch deen an den USA bei 12 Stonnen. D’Aarbechter streiken a versammele sech fir eng Manifestatioun um Haymarket.

Ma iwwert déi nächst Deeg eskaléiert d’Situatioun. Den 3. Mee wëll d’Police d’Demonstratioun opléisen. Et kënnt zu Ausernanersetzung tëscht der Police an den Demonstranten, Onbekannter zünden eng Bomm. Um Enn si siwen doudeg Polizisten a schätzungsweis dräimol esouvill doudeg Aarbechter ze bekloen, dobäi kommen nach eng Kéier iwwer 200 blesséiert Demonstranten.

Aacht Organisateure vun der Manifestatioun gi festgeholl, véier dovun, dorënner den Editeur vun der Chicagoer Aarbechterzeitung, ginn zum Doud verurteelt.

Am Gedenken un dëse Virfall goufen den 1. Mee 1890 fir d’éischte Kéier Streiken an Demonstratioune vun Aarbechter uechter d’Welt organiséiert.

Den 1. Mee zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg ass den 1. Mee als Dag vun der Aarbecht e gesetzleche Feierdag. Traditionell organiséieren d’Lëtzebuerger Gewerkschaften op dësem Dag grouss Manifestatiounen, op deene si hir zentral Fuerderungen artikuléieren.

Ma och fir d’Veräiner an Associatiounen ass den 1. Mee e wichtegen Dag am Kalenner. Op dësem Dag ginn zu Lëtzebuerg nämlech traditionell d’Meekränz gebonnen. Ursprénglech kënnt dës Traditioun aus dem Loutrengeschen, wou ee vun enger Couronne de mai schwätzt. Ofgeleet ass d’Traditioun vum Meekranz, vu där vum Meebaam. Fréier gouf de Kranz nämlech uewen un e grousse Poul gehaangen, deen dann opgestallt gouf. Wärend dat a ville Géigende vun Däitschland nach haut gemaach gëtt, gëtt zu Lëtzebuerg nëmmen nach de Kranz gebonnen.

D’Iddi hannert dem Meekranz, ass et, d’Arrivée vum Fréijoer an dem waarme Wieder ze feieren. Dofir ginn d’Kränz, wa se da bis gebonne sinn, dacks op de Fassade vu Privathaiser oder Gemengen opgehaangen. Bei där Geleeënheet gëtt dann och nach dacks gegrillt an et gëtt e Glas Meedrank, e séisst Gedrénks, dat aus Meekräidche gemaach gëtt, gedronk.

Back to Top
CIM LOGO