Sahara-StëbsWat huet et mat de Stëbspartikelen op sech?

Claudia Kollwelter
Serge Pauly
A ville Länner uechter Europa hunn d'Meteorologe fir e Mëttwoch Sahara-Stëbs annoncéiert.
Wat huet et mat de Stëbspartikelen op sech?
A ville Länner uechter Europa hunn d'Meteorologe fir e Mëttwoch Sahara-Stëbs annoncéiert.

Och zu Lëtzebuerg hunn eis d'Stëbspartikelen aus der Sahara e Mëttwoch erreecht. Mee wat huet et iwwerhaapt domat op sech?

Sahara-Stëbs / Reportage Claudia Kollwelter

Et wier en typescht Phänomen fir dës Joreszäit, seet de Meteorolog Jörg Kachelmann. Wat geschitt? De Sand a Stëbs aus der Sahara gëtt duerch en Déifdrock iwwer Nord-Afrika vu staarkem Wand opgewierbelt an dee gëtt dann an Europa transportéiert.

"Der kommt nicht bodennah an sondern ist meistens in 2,3 oder 4 Kilometer Höhe."

An der Reegel bleift de Stëbs och an der Luucht, kënnt just bis erof op de Buedem, wann et reent. Mee wéi annoncéiert sech dee Sahara-Stëbs dann iwwerhaapt?

"Normalerweise gehört dazu eine schlechte Wettervorhersage, weil die Modelle haben das nicht so gut drauf. Man sieht schon dass der Sahara-Staub kommt, aber er triggert auch große Mengen von dichten Schleierwolken. Wenn das Timing so ist, dass die Nacht klar ist, und dann die Sahara-Staubschicht mit den Schleierwolken kommt, dann wird manchmal der Tag 10 Grad kälter als sich das manche Wettervorhersager gedacht haben."

D'Sahara-Schleierwolleke géifen och anescht ausgesinn. "
Die haben eine andere Struktur und man sieht den Staub auf dem Satellitenbild nicht unbedingt gut weil noch andere Wolken da sind. Aber die Schleier-Wolken Sicht ist so ein typisches Zeichen für die Sahara-Staub Wolken."

Wann nach Sand a Stëbs an der Loft wier, géif deen en Donneschdeg mam annoncéierte Reen erofkommen, huet de Jörg Kachelmann nach präziséiert.
Back to Top
CIM LOGO