Bis den 10. JanuarWat kritt een no Chrëschtdag nach a Geschäfter zu Lëtzebuerg ze kafen?

RTL Lëtzebuerg
Hei eng komplett Lëscht, mat alleguerten den essentielle Produiten, déi et nach bis den 10. Januar wäert zu Lëtzebuerg am Lockdown ze kafe ginn.

Vum 26. Dezember un ginn d’net-essentiell Geschäfter zougemaach. Livraisoun, Drive-In a Commandë baussen entgéinthuelen, bleiwen awer autoriséiert. An de Geschäfter selwer kritt een no Chrëschtdag a bis den 10. Januar just nach folgend Saachen ze kafen:

  • Liewensmëttel
  • Déierefudder
  • Medikamenter an aner medezinesch Produkter
  • Hygiènesproduiten, Wäschmëttel a sanitäert Material
  • Orthopedescht Material
  • Brëller a Kontaktlënsen
  • Bicher, Zeitungen a Schreif-Artikelen
  • Kichegeschier
  • Bensin a Brennes
  • Tubak
  • Telekommunikatiounsmaterial

De ganze Projet de loi, respektiv d’Amendementer, fannt Dir HEI.

Projet de Loi nei Mesuren

Back to Top
CIM LOGO