
Eng wichteg Funktioun vum Bësch ass et e Liewensraum fir Déieren a Planzen ze sinn. Deenen hir Presenz hänkt ganz vill domat zesummen, ob doudegt Holz am Bësch ass oder net erkläert de Laurent Schley: “Dat ass e Liewensraum fir Pilzen, Insekten a Vullen an ganz vill aner Aarten kënnen dovu profitéieren. D’Totholz ass eng wichteg Funktioun.”
Eng weider wichteg Funktioun ass d’Holzproduktioun: “Et ass en natierlechen Rohstoff, deen nowiisst. A wann een en nohalteg notzt, een also net méi eraus hëlt wéi nowiisst, d sinn déi aner Funktioune vum Bësch garantéiert an et kann een de Rohstoff notzen. A bal all Haus ass Holz dra verschafft, d’Leit wëlle Miwwel aus Holz. Wisou also net eng lokal Source notzen? Dat ass méi klimaschounend, wéi wann een d’Holz aus Südamerika aus dem Reebësch importéiert.”
De Laurent Schley erkläert, datt ëmmer méi versicht gëtt eng, sougenannten Kaskadennotzung ze maachen: “Dat heescht, wann d’Holz an enger éischter Notzungsfunktioun ausgedéngt huet, zum Beispill an engem Haus, da kann et dono nach fir aner Saache genotzt ginn.”
Natierlech huet de Bësch och eng rekreativ Funktioun. D’Leit ginn an de Bësch trëppelen, Lafen oder Vëlo fueren. Wichteg ass awer och de Stockage vu Karbon: “Planzen zéien CO2 aus der Loft a produzéiere Sauerstoff, mee duerch de Stockage vum Karbon ass de Bësch och e wichtegen Ekosystem, fir géint de Klimawandel virzegoen.”
De Laurent Schley huet nach betount, datt de Mënsch vun de Leeschtungen déi de Bësch liwwert profitéiert.
Deel 4: Wéi ass déi aktuell Situatioun an eise Bëscher?
Deel 3: Wat bedeit et, wann ee Bëschbesëtzer ass?
Deel 2: Och net-heemesch Beem mussen ugeplanzt ginn
Deel 1: Kee rechtsfräie Raum: Am Bësch gëlle kloer Reegelen