Serie Bësch - Deel 4Wéi ass déi aktuell Situatioun an eise Bëscher?

Claudia Kollwelter
Datt de Klimawandel en Impakt op eis Bëscher huet ass bekannt an deels och mam bloussen Aen ze gesinn.
© Claudia Kollwelter / RTL

Am Kader vun eiser Serie iwwert de Bësch huet d’Claudia Kollwelter bei engem Fierschter nogefrot, wéi d’Situatioun reell ausgesäit an ass mat him an de Bësch gaangen.

Serie Bësch Deel 4 - Reportage Claudia Kollwelter

Den Tom Scholtes huet elo just mat enger Aacht e Bam gezeechent, deen deemnächst muss ofgeseet an aus dem Bësch erausgeholl ginn, well e krank ass. Zanter 1994 ass hie Revéierfierschter zu Miedernach an domat en Charge vu 750 Hektar Bësch – dat zesumme mat 4 Bëschaarbechter. Eng ganz Partie Bamzorte wäerte sécher an den nächste Joren ewechfalen, erkläert de Fierschter:

“Et ass d’Dréchent, d’Hëtz an de Manktem u Waasser. Mee et geet nach méi wäit. Hei si mer op engem schwéiere Leembuedem an dat zeechent sech doduerch aus, datt et am Wanter ganz naass ass, mee am Summer ganz dréchen an doduerch entsti Splécken am Buedem an d’Buche leiden extrem. Op deem Buedem ass net auszeschléissen, datt mer d’Buchen eng Kéier ganz verléieren.”

© Claudia Kollwelter / RTL

D’Aarbecht vum Fierschter huet an deem Sënn duerch de Klimawandel geännert, datt vill méi securiséiert muss ginn:

Hei komme mer elo fir d’drëtt zréck, fir just d’Buchen, déi futti sinn, ewechzehaen. Do ass e Wee, eng Strooss, eng Promenad. Mir mussen also Beem forthuelen, fir d’Sécherheet ze garantéieren.”

Matzen am Bësch dann, wou et manner ëm d’Sécherheet vum Mënsch geet, gëtt dem Tom Scholtes no esou geschafft, datt ee versicht, de méi resistente Beem ze hëllefen:

“Wa mer an de Bësch schaffe ginn, siche mer eis e Bam eraus a kucken, ob e gesond ass, ob et eng Zort ass, déi heihi gehéiert an ob en eng schéi Stammqualitéit huet a mer Wäertholz kënnen huelen, an dann huele mer deem d’Konkurrenz ewech, fir datt dee méi eng grouss Kroun kritt a méi déck gëtt.”

D’Bewirtschaftung vum Bësch fir Holz ze produzéieren, géif awer ëmmer am Aklang mam Naturschutz geschéien, betount de Fierschter nach.

A fir den Ofschloss vun der Serie geet et e Samschdeg de Moien am Journal allgemeng ëm d’Funktioun vum Bësch mat engem Fokus op dem Holz.

© Claudia Kollwelter / RTL

RTSerie Bësch - Deel 1: Kee rechtsfräie Raum: Am Bësch gëlle kloer Reegelen
Serie Bësch - Deel 2: Och net-heemesch Beem mussen ugeplanzt ginn
Serie Bësch - Deel 3: Wat bedeit et, wann ee Bëschbesëtzer ass?

Back to Top
CIM LOGO