Serie Bësch - Deel 3Wat bedeit et, wann ee Bëschbesëtzer ass?

Claudia Kollwelter
Am Kader vun eiser Serie iwwert d'Bëscher wollte mir wëssen, wat et bedeit, wann ee Bëschbesëtzer ass, a sinn dofir bei e Proprietär op Schieren gefuer.
© afp

D’Hallschent vun eise Bëscher sinn an ëffentlecher, déi aner a privater Hand. De Guillaume Hansen geet schonn zanter senger Kandheet leidenschaftlech gär an de Bësch – opgewuess an engem Bauerebetrib, war et och vu klengem u fir hien normal, datt Holz verwäert ginn ass : “Ech kéint mer net virstellen, net am Bësch wëllen eppes Produktives erauszezéien.

Wéi gëtt een dann iwwerhaapt Bëschbesëtzer? “Wann ee sech dofir interesséiert. Zu Lëtzebuerg ginn et iwwer 11.000 Bësch-Besëtzer, dovunner hu verschiddener iwwer 500 Hektar Bësch, anerer musse sech zu 10 en hallwen Hektar deelen, well et duerch Ierfschaft e puermol gedeelt gouf.

Genee wéi Haiser verkaf ginn, ginn och Bëscher vun Immobilièrë verkaf : “Et muss een oppassen, datt een net ze vill bezilt, well d’Präisser vun enger Bauplaz an engem Bësch sinn net mateneen ze vergläichen. Et muss een och wëssen, datt et éischter eng Leidenschaft ass wéi eng Spekulatioun oder Sue-Saach. Et muss een och wëlle schaffen an Decisiounen huelen.

De Privat-Bëschbesëtzer mierkt, datt nach ëmmer vill Leit eng Virstellung vum Bësch hunn, déi net der Realitéit entsprécht. Dat wier dacks wéinst engem Manktem un Informatioun : “Si gesinn, wann e Bam ëmgehae gëtt, datt et eng Destruktioun ass. Mee et erlaabt och, datt jonk Beem erëm opwuessen an CO2 späicheren, wat soss net de Fall ass.

De Guillaume Hansen selwer huet eng Partie Parzellen, vu 4-5 Ar bis zu e puer Hektar : “Wann ech Bësch kaf hunn, dann op mech, mee och schonn op meng Kanner. Well Bësch ass eng Generatiounssaach.

Ma och wann et fir de Guillaume Hansen just en Hobby ass, ass et awer eng reegelrecht Passioun.

Serie Bësch - Deel 1: Kee rechtsfräie Raum: Am Bësch gëlle kloer Reegelen
Serie Bësch - Deel 2: Och net-heemesch Beem mussen ugeplanzt ginn

Back to Top
CIM LOGO