D’Associatioun réit betraffene Persounen, mat Zäit nozefroen, wat legal ass a wat net, am beschte bei engem Affekot. Et wier och wichteg ze wëssen, ob een e Sursis kéint ufroen, fir d’Kontraktopléisung erauszezécken.
Et kéint effektiv mol dozou kommen, datt den Dierwiechter muss agräifen, fir Locatairen aus enger Wunneng ze kréien. Bei 95 vun 100 Fäll géife sech Proprietären a Locatairë wärend der Prozedur awer eens ginn, seet de President vun der UDP (Union des Propriétaires). De Maître Georges Krieger behaapt och, et géif keng Multiplikatioun vun den Dossieren, wou Locatairë misste goen, ginn.
Enger Ëmfro no, déi de Mieterschutz an Optrag ginn huet, wier et awer d’Angscht Nummer 1 vun iwwer 95% vun de Locatairen, datt se hir Wunneng onverhofft misste verloossen an dann ouni en Daach iwwert dem Kapp do géife stoen.
Dobäi gesäit d’Gesetz 3 konkret Fäll vir, déi eng Opléisung vum Contrat de Bail justifiéieren. Dës kann een online um Logement-Site vun der Regierung noliesen.
Besoin personnel du logement pour lui-même ou pour un parent ou allié jusqu’au 3e degré
Non-respect des obligations par le locataire (p.ex : le non-paiement du loyer, dégradation des lieux);
Autres motifs graves et légitimes à établir par le bailleur (p.ex. la nécessité de réaliser des grands travaux, rendant impossible tout maintien du locataire dans les lieux loués).
Bei Aarbechten ass e Kënnegungsdelai vu just 3 Méint virgesinn. Dat wier ze kuerz, seet de Mieterschutz. Grad an Zäiten, wou et um Locatiounsmaart zu Lëtzebuerg ëmmer méi schwéier wier, eppes ze fannen. Dobäi wiere manner d’Loyerspräisser de Problem, mee éischter d’Chargen, mengt den Affekot Georges Krieger. D’Käschte vun de Chargë wiere virun allem bei Neiwunnenge mat villen a modernen Technologien explodéiert.
Fir de Maître Krieger géif d’Politik den Ament och net genuch ënnerhuelen, fir Zweet- oder Drëtt-Wunnengen ze promouvéieren, déi kéinte verlount ginn. An dat géif dozou féieren, datt effektiv och d’Loyerspräisser géife klammen. De Jean-Michel Campanella, President vum Mieterschutz, bedauert, datt vill Leit sech dofir näischt méi am noen Ëmfeld kënne leeschten an an d’Nopeschlänner loune ginn.
Eng sougenannt “Trève hivernale” wéi a Frankräich, déi verhënnert, datt een als Locataire am Wanter virun d’Dier gesat gëtt, gëtt et hei zu Lëtzebuerg iwwregens net. Dat wier awer och net néideg, seet de Georges Krieger. Hei am Land géifen nämlech d’Gemengen an aner Organisatioune kucken, datt alternativ Wunnplaze fir betraffe Leit fonnt ginn. D’Locatairen hei zu Lëtzebuerg wieren deemno relativ gutt ofgeséchert am Fall, wou eng Kontrakt-Kënnegung géif ustoen.