Rezent Malariafäll ronderëm de Frankfurter Flughafen hunn nawell fir Opreegung gesuergt. Dräi Leit si souguer un de Suitte vun der Krankheet gestuerwen. Suerge mécht virun allem, datt keng vun den infizéierte Persoune virdrun an engem Malaria-Gebitt am Ausland war. Warscheinlech goufen infizéiert Moustiquen iwwer Fligeren ageschleeft. Esou lokal Infektiounen sinn extrem rar. Mee och zu Lëtzebuerg goufen et an der Vergaangenheet schonn esou Fäll. Wéi grouss ass de Risiko haut?
Infizéiert Moustiquen, déi mam Fliger matreesen an duerno Leit um oder an der Géigend vum Flughafen ustiechen. Dat ass den Ament déi warscheinlech Erklärung fir déi rezent Malariafäll zu Frankfurt. D’Enquête leeft nach. Sougenannt Flughafe-Malaria ass zwar rar, mee och zu Lëtzebuerg méiglech. Dozou d'Dr. Anne Vergison, Chef de division bei der Inspection sanitaire:
"Ce n’est pas impossible que ça survienne au Luxembourg, ce genre d’événement. C’est déjà arrivé par le passé, il y a très longtemps."

Enn den 90er Jore goufen et am Grand-Duché fënnef Fäll vu Flughafe-Malaria. D’Leit hate sech net am Ausland, mee, zum Beispill, zu Kanech infizéiert.
Besonnesch am Ëmfeld vun engem Flughafen gëtt et en Infektiounsrisiko, well invasiv Moustique kéinten iwwerliewen a Krankheete verbreeden. Fir dat ze verhënneren, ginn et um Findel Präventiounsmesuren. Dr. Anne Vergison:
"Notamment tous les cargos. On a beaucoup de cargos de frais au Luxembourg. Tous ces cargos sont désinsectisés pour éviter que les moustiques ne puissent survivre pendant le transport dans ces avions."
Fir d’Allgemengheet ass de Risiko, sech hei zu Lëtzebuerg mat Malaria unzestiechen, trotzdeem extrem kleng.
"Pour la population générale du Luxembourg, le risque, il est extrêmement faible. Il est presque zéro. On ne s’inquiète pas."
D’Krankheet selwer ass awer net harmlos. Malaria ka schwéier, am schlëmmste Fall déidlech verlafen. D’Symptomer sinn dobäi net ëmmer eendeiteg.
"Ce sont des symptômes qui sont un peu comme une grippe, des maux de tête, de la fièvre élevée, des frissons éventuellement. Quand on est très malade on va quand même aller consulter plutôt un hôpital que son médecin."
Vill méi heefeg wéi lokal Infektioune sinn zu Lëtzebuerg importéiert Fäll. Wou sech Leit also an engem Malaria-Gebitt ustiechen an d’Krankheet mat heembréngen, sou d'Dr. Anne Vergison:
"Ce ne sont pas des cas autochtones, ce sont des cas importés. Et ça, on en a une quarantaine chaque année. Donc ce n’est pas exceptionnel."
Wien an e Risikogebitt reest, soll sech dofir mat Zäite berode loossen. Je no Destinatioun kann eng Malariaprophylax néideg sinn. Laang Kleeder, Moustiquennetzer an Insekteschutzmëttel kënnen zousätzlech schützen.
"Il faut prendre rendez-vous à la médecine du voyage au CHL et voir avec la travel clinique. Donc, comment est-ce qu’on peut se protéger et toutes les mesures à mettre en place pendant son voyage."
A wien no sou enger Rees Féiwer oder Gripp-Symptomer kritt, soll onbedéngt dem Dokter soen, wou e genee war. Well fréi diagnostizéiert, ka Malaria behandelt ginn.