Wéi een Impfstoff ass lo am effikassten, soll een déi eng net fir eeler Leit huelen oder ass dat onbedenklech? Schützen Impfunge virun Iwwerdroung?
Am Rekordtempo goufe Vaccinen entwéckelt. Dat iwwerhaapt scho ka geimpft ginn, ass eng Meeschterleeschtung vu Wëssenschaft a Medezin.
An der EU si mëttlerweil 3 Impfstoffer zougelooss, déi 2 mRNA-Vaccinen hunn eng Wierksamkeet vun 90 bis 95 Prozent, dee vun AstraZeneca 60 bis 70 Prozent. De Vaccin vun der schwedesch-brittescher Entreprise ass ee Vecteurimpfstoff, genee wei déi vun Johnson&Johnson an Novavax, déi den Ament vun der Europäescher Medikamentenagence iwwerpréift ginn an nach am Februar zougelooss ginn.

Verschidden Etüde weisen, datt d’Impfungen hëllefen, dass een d’Krankheet net méi iwwerdréit. Et ass d'Fro vun de Froen: Schützen d'Impfstoffer och virun Iwwerdroung?
An de leschte Wochen hu Wëssenschaftler sech bei dëser Fro éischter zréckgehalen. Éischt Date loossen allerdéngs hoffen. Eng brittesch Etüd iwwert den AstraZeneca-Vaccin weist, datt zwee vun dräi Geimpften de Virus net méi kënne weiderginn.
Och Daten aus Israel weisen, datt grad bei den iwwer 60-Järegen, déi schonn zu 84 Prozent eng éischt Dosis kruten, d’Zuel vun Neiinfektioune méi staark zréckgeet, wéi bei der Altersgrupp 40 bis 60 Joer. Een nach méi staarken Impakt gesäit ee bei den Hospitalisatiounen.
Schonn am August huet de russesche President annoncéiert, dat Russland dat éischt Land wier, dat en effikasse Vaccin géint de Coronavirus entwéckelt huet. Etüden oder op d'mannst Date konnt de Wladimir Putin deen Ament net virleeën. Elo 5 Méint méi spéit goufen Daten am renomméierte Wëssenschaftsmagazin “The Lancet” publizéiert. De Sputnik V huet eng Wierksamkeet vun iwwer 90 Prozent. Den Accès an d'Distributioun vu Vaccinen ass längst e Politikum, wéi jo och de Sträit tëscht AstraZeneca, der EU a Groussbritannien gewisen huet.
An de 50er Jore war d'Kannerlämung a verschiddene Regiounen an Europa ëmmer nees ausgebrach. E sowjetesche Fuerscher huet 1960 eng Schluckimpfung entwéckelt, déi kuerz drop an der DDR agesat gouf, duerch d'Impfung gouf et kaum nach Kranker. D'DDR hat der Bundesrepublik, 3 Milliounen Dosissen offréiert. Dat gouf refuséiert, zwee Joer méi spéit krut ee Vaccinen aus Amerika geliwwert. Politesch Intentioune vu béide Säiten hu Kannerliewe kascht. Zanter 2002 ass Europa als Polio fräi deklaréiert, dat Dank der Impfung.

