Grondsazuerteel vun der Cour constitutionelleWee e grousst Stéck méi fräi fir IRMen an Dokterspraxissen

Annick Goerens
Kevin Kayser
E Freideg koum een Arrêt vun der Cour constitutionelle, wou e Radiolog géint de Staat geklot hat.
© RTL (Archiv)

Hannergrond: Een Dokter vun Alzeng wollt am Dezember 2017 een IRM a senger privater Praxis ariichten. Déi deemoleg Gesondheetsministesch Lydia Mutsch huet him dat awer refuséiert. D’Decisioun vum Gesondheetsministère ass net am Aklang mam Artikel vun der Verfassung deen d’liberté de commerce garantéiert. Dëst Uerteel vum Verfassungsgeriicht mécht elo de Wee fräi, fir dass an Zukunft Dokteren an hirer privater Praxis IRMen kënnen bedreiwen.

D'Verwaltungsgeriicht hat dem Verfassungsgeriicht d'Grondsazfro an Form vun enger Question préjudicielle gestallt, ob dës Decisioun vun der fréierer Gesondheetsministesch konform war mat der Verfassung. D'Grondsaz-Uerteel vum Verfassungsgeriicht ass kloer, dës Decisioun war net konform mam Artikel 11, wou et ëm d'Liberté de commerce geet. Elo muss d‘Verwaltungsgeriicht, d'Grondsazuerteel nach ëmsetzen an dat definitiivt Uerteel schreiwen.

PDF: D'Urteel vun der Cour Constitutionnelle

Back to Top
CIM LOGO