
De Mann war trotz der Wegweisung nees doheem opgetaucht an hat seng Fra no Menace geschloen.
D'Police ass direkt op d'Plaz gefuer, de Mann war nach do. De Parquet gouf informéiert a well de Mann géint seng geriichtlech Oploe verstouss hat, gouf seng Festnam ordonnéiert.
Hie koum e Samschdeg virun den Untersuchungsriichter, deen en an Untersuchungshaft setze gelooss huet.