Si selwer ass faszinéiert vun dem Thema an interesséiert sech ënnert anerem dofir, wéi sech d’Virstellung déi mer vum Alter hunn, op den Alterungsprozess auswierkt. Hir Ekipp am Departement “Department of Behavioural and Cognitive Sciences” op der Uni Lëtzebuerg fuerscht zu Theme wéi Altersdiskriminatioun an intergenerationell Bezéiungen.
Léiert een eng nei Persoun kennen, da spillt den Alter dacks net direkt eng Roll. Fënnt een dann den Alter eraus an et huet een et aneschters geschat, da kann et scho sinn, dass een d’Persoun aneschters bewäert, seet d’Psychologin Prof. Dr. Anna Kornadt.
Altersdiskriminatioun ass en Thema, fir Lëtzebuerg ginn et awer nach keng Studie-Resultater
Ënnert Altersdiskriminatioun versteet een, dass Mënschen ongerecht behandelt ginn, wéinst hirem Alter. Dat kann op Jonker wéi Aler zoutreffen. D’selwecht wéi beim Sexismus oder bei der Diskriminéierung op Grond vun engem sengen Originne, gëtt sech enger Persoun géigeniwwer anescht an dacks ongerecht verhalen. Beispiller dozou fënnt een zum Beispill op der Aarbechtssich oder bei Assurancen.
“Jiddereen wëll al ginn, mee keen wëll al sinn”
Méi al gi wier an eiser Gesellschaft dacks mat eppes negativem verknëppt seet d’Prof. Dr. Anna Kornadt, mee och wa jiddereen aneschters eelzt, da kéint ee bei villen eelere Leit positiv Charakterzich gesinn. Am Alter kéint ee besser mat Emotiounen ëmgoen. Am Laf vum Liewe schéngt ee Fäegkeeten z’entwéckelen, fir besser mat Stress ëmzegoen a méi positiven Emotiounen z’erliewen.
D’Zil sollt sinn, d’Potential vun eelere Matmënschen ze notzen
Eis Gesellschaft gëtt ëmmer méi al an anstatt eeler Leit op en Ofstellgleis ze parken, misste mer kucken, wéi mer hir Potentialer kënnen an eiser Gesellschaft notzen, seet d’Prof. Dr. Anna Kornadt. Et ass hirer Meenung no wichteg, den intergenerationellen Austausch ze fërderen, sou dass Jonk an Al sech géigesäiteg eppes bäibrénge kënnen an och wäertschätzen.

STATEC huet makroekonomesch demographesch Projektioune bis d’Joer 2051 gemaach. Eis Bevëlkerung wäert wuessen an och de prozentualen Undeel u Senioren iwwer 60 Joer. Op den 31. Dezember 2022 hunn hei am Land 660.809 Leit gelieft, vun deenen 20,6% 60 Joer oder méi al waren. Dat heescht 136.374 Persounen. An zwanzeg Joer, am Joer 2042, gesinn d’STATEC Projektioune vir, dass hei am Grand-Duché 937.321 Persoune wäerte wunnen, vun deenen der 255.576 (27,3%) wäerten iwwer 60 sinn. Dovunner da 60.342 souguer iwwer 80 Joer.
E Samschden den 18. November ass de Forum fir den drëtten Alter zu Miersch am Lycée Ermesinde.
Am Magazin op der Tëlee kënnt d’nächst Woch e längere Reportage ronderëm d’Thema “Aktiv am Alter”.