Zivilcourage an Eegeprotektioun Wéi ee sech a Geforesituatioune verhale soll

Diana Hoffmann
Nodeems eng Fra Mëtt August nuets an der Haaptstad brutal ugegraff gi war, steet eng Fro am Mëttelpunkt: Wéi reagéiert ee richteg?
Zivilcourage: Wéi ee sech an enger Geforesituatioun richteg verhält.
© Diana Hoffmann

Wéi soll ee sech verhalen, wann een Zeie vun enger Gewaltdot gëtt – oder esouguer selwer betraff ass?

D'Nouvelle vum Parquet, datt eng Fra Mëtt August nuets an der Groussgaass ugegraff gi war an no den éischten Erkenntnisser, dono keng direkt Hëllef vu Passante krut, huet fir vill Opmierksamkeet gesuergt. Et wier eng ganz speziell Situatioun gewiescht, seet de Steve Goedert, Chef vum Service de Preventioun vun der Stad Lëtzebuerg. Situatiounen, wou Leit guer näischt géingen ënnerhuele fir ze hëllefen an ewech kucken, wieren nämlech extrem seelen. Gewéinlech géing d’Police alarméiert ginn, wann eppes passéiert.

Dat ass deemno och dat, wat een als Zeie muss maachen. Also d’Police ruffen. “Dono sinn ech domat d’accord, dass een och ka filmen”, erkläert de Steve Goedert. Dëst fir d’Biller dono der Police zur Verfügung ze stellen. Wann een awer selwer an enger Geforesituatioun ass, soll een op sech opmierksam maachen. Wa Leit do sinn, eventuell ëm Hëllef froen. “Oft gëtt vergiess, datt ee ganz haart ka jäizen, datt een och Stopp ka soen. Doduerch, dass ech haart ginn, mierken och d’Leit ronderëm, dass eppes net stëmmt”, ënnersträicht de Chef vun der Präventioun.

Wéi Leit an enger Geforesituatioun reagéieren, wier da ganz ënnerschiddlech, erkläert dann och de Yannick Federkeil, Co-Fondateur vu Krav Maga Luxembourg. Eng Reaktioun wier d'Flucht, wou versicht gëtt, sech esou séier wéi méiglech aus der Gefor ze bréngen. Eng zweet wier de Kampf, bei deem den Adrenalin hëlleft, sech ze wieren. Déi drëtt Reaktioun wier d'Erstarren. Dobäi bleift eng Persoun wéi geläämt stoen, obwuel si d'Gefor bewosst matkritt. Laut dem Krav-Maga-Trainer kann een och dës Reaktioun duerch Training an ageüübt Beweegungen deelweis iwwerwannen.

D’Zil vu Krav Maga wier bei Ufänger, dass si léiere sech ze verdeedegen an aus der Geforesituatioun erauszekommen. Mat méi Training, léiert een och, engem Ugräifer seng Waff ewech ze huelen. “Wann der iech wëllt géint eng Aggressioun verdeedegen, muss der och Gewalt uwenden. Et gëtt kee Choix. D’Äntwert muss gewaltvoll si fir eng kuerz Dauer. An dono muss ee fortlafen”, erkläert de Yannick Federkeil. Et géing net dorëm goen, onverhältnesméisseg Gewalt unzewenden a sech doduerch strofbar ze maachen. Ween Affer vu Gewalt ginn ass, misst och onbedéngt dono bei den Dokter goen a seng Blessuren dokumentéiere loossen, betount de Steve Goedert. Och wann et net allze schlëmm wier. Dëst kéint nämlech dono als Beweis viru Geriicht déngen, wann den Ugräifer géing verhaft ginn.

Chiffer vun Iwwerfäll mat Gewalt geet erop

 
Aus dem Aktivitéitsrapport vun der Police geet dann ervir, dass Iwwerfäll mat Gewalt an d’Luucht ginn. Zejoert goufe 732 Iwwerfäll mat Gewalt registréiert. Bei 94 war eng Waff am Spill. An 78 Fäll ass den Iwwerfall mëssgléckt. An 653 Fäll ass en deemno gegléckt. 2024 waren et 559 Iwwerfäll mat Gewalt. Gegléckt ass dëst a 484 Fäll.

Iwwerfäll mat Gewalt si just eng Form vun Aggressioun. Generell stellt een awer bei der Police net just eng Hausse bei de Chiffere fest. “Net just d’Gewaltphänomener hunn zougeholl, mee och d’Qualitéit. D’Qualitéit ass eng aner, wéi mer dat villäicht nach viru Jore kannt hunn. Do musse mir als Gesellschaft drop reagéieren”, seet de Steve Goedert.

D’Police vun der Stad Lëtzebuerg bitt zwee Mol am Joer Coursen am Krav Maga un. Doriwwer eraus ginn och d’Beamten an där Technik ausgebilt. “Den Ugräifer sicht sech en Affer, wou e mengt, dass et sech net wiert. Wann et ufänkt sech ze verdeedegen, kann et sinn, dass den Ugräifer d’Situatioun anescht gesäit”, ënnersträicht de Yannick Federkeil.

Souwuel hien, wéi och de Steve Goedert soen awer, dass ee sech ëmmer soll op säin Instinkt verloossen, fir am beschte Fall net an eng Geforesituatioun ze geroden. Wann ee Leit gesäit, déi maachen, dass ee sech onwuel villt, soll een den Trottoir wiesselen. “Firwat soll ee sech Schwieregkeete siche goen? Dat ass de Prinzip vum Krav Maga”, betount de Steve Federkeil.

Back to Top
CIM LOGO