De 25. Januar gëtt gestëmmtWéi eng Changementer ginn et am 2. Kapitel vun der Verfassung?

Pierre Jans
Déi nei Verfassung gesäit sëllege Changementer vir. E puer vun de wichtegste Punkten hu mir erausgepickt.
© RTL Archiv

Kapitel 2 vun der neier Verfassung - Rep. Pierre Jans

De 25. Januar gëtt dat zweet Kapitel vun der Verfassungsrevisioun an der Chamber gestëmmt. Am Kapitel iwwer de Grand-Duc an d’Monarchie géif déi national Identitéit gestäerkt ginn, soen déi 4 Rapporteren vun der Revisioun vun der Constitutioun. Déi nei Verfassung gesäit sëllege Changementer vir. E puer vun de wichtegste Punkten hu mir erausgepickt.

Wat déi national Identitéit ugeet, ass déi aktuell Verfassung bescheiden. D’Sprooch, de Fändel an d’Nationalhymne ware bis ewell net dra verankert. Dat soll changéieren, erkläert den CSV-Deputéierte Léon Gloden: „Dat ass e wesentleche Schratt. Et ass zanter 1868 déi éischte Kéier, dass an de Verfassungstext déi dräi Haaptkomponenten vun enger nationaler Identitéit dra stoe kommen. Een dee mir seet, mir géifen déi national Identitéit verkafen, deem soen ech, dass dat falsch ass. Mir verstäerken se.‘‘

Ëmmer nees reagéieren d‘Rapporteren vun der Verfassungsreform op d‘Kriticke vu virop der ADR. Ma och déi Lénk si kritesch. Si hunn eng alternativ Revisioun ausgeschafft, déi däitlech méi radikal Changementer proposéiert – net am Sënn vun der Monarchie.

Dem Mars Di Bartolomeo vun der LSAP no kann dëst Kapitel iwwer de Grand-Duc an d‘Staatsform e breede Konsens erreechen: „Et ass keng Revolutioun. Et ass keng Ëmwälzung. Et ass eng Evolutioun.“

An eng Moderniséierung. D‘Roll vum Grand-Duc gëtt kloer definéiert. D‘Simone Beissel vun der DP: „Momentan ass eise Grand-Duc – ech erlabe mir et esou ze soen – quer durch den Laden a verschiddenen Dispositiounen an der Verfassung verdeelt.”

Villes iwwer d‘Roll vum Grand-Duc war bis elo am Pakt vun der Famill Nassau festgehalen. Elo kommen déi Dispositiounen direkt an d‘Verfassung. De Mars Di Bartolomeo: „Dat ass och gutt esou. Et soll net negativ kléngen, mä alles wat ronderëm de Staatschef dréint, ass keng Ugeleeënheet vun der Famill, mä vum Staat.‘‘

Et wär deemno eng Stäerkung vum Grand-Duc als Staatschef. An zwar vun engem Land dat komplizéiert a komplex ass, betount de gréngen Deputéierte Charles Margue: „Mir si Lëtzebuerger an Europa. Mir sinn dat zu gläicher Zäit. Mir sinn och dräisproocheg mat enger Sprooch vum Land dem Lëtzebuergeschen. Awer net ouni déi zwou aner. Dat ass mat deem wat mir elo hei dra schreiwen däitlech an net méi mëssverständlech.“

Déi 4 Rapporteren si sech eens, dass grouss Efforte musse gemaach ginn, fir de Biergerinnen a Bierger och dëst Kapitel richteg z’erklären. Mam Zil, dass d‘Lëtzebuerger hannert der neier Verfassung stinn.

D’Chamber fiert elo weider mat enger Informatiounscampagne, huet de President Fernand Etgen annoncéiert. All Stot kritt eng Broschür mat Explikatiounen an dräi Sproochen iwwer d’Verfassungsreform an d’Boîte.

De 25. Januar gëtt also am Parlament iwwer de Gesetzprojet fir d’Kapitel iwwer de Grand-Duc an d’Monarchie ofgestëmmt.

D’Kapitel iwwer d’Justiz war jo mat enger considerabeler Majoritéit am Plenum ugeholl ginn. Den obligatoreschen zweete Vott soll nach dëst Joer sinn. Gläichzäiteg ginn dann d’Gesetzprojete fir en nationale Justizrot an iwwer d’Statutte vun de Magistraten ofgestëmmt. Do feelen nach d’Avise vum Staatsrot.

Back to Top
CIM LOGO