No 2027Emmanuel Macron wäert an Zukunft keng Politik méi maachen

RTL mat AFP
Wa seng Zäit am Elysée eriwwer ass, wäert de franséische President sech aus der Politik eraushalen.
D'Schüler hate vill Froen un de franséische President
D'Schüler hate vill Froen un de franséische President
© JEWEL SAMAD/AFP

Wärend der Visitt an enger franséisch-zypriotescher Schoul zu Nikosia huet den Emmanuel Macron gesot, hie géing keng Politik méi wëlle maachen, wann hien 2027 den Elysée bis verlooss wäert hunn.

"Ech hu virdru keng Politik gemaach an ech wäert och dono keng maachen", sou de franséische President wären senger offizieller Visitt op Zypern, virum informellen EU-Sommet. Dat Schwieregst no sengen 10 Joer als President wier, säi Bilan ze verdeedegen a gläichzäiteg nach emol d'Energie ze hunn, déi Saachen unzegoen, déi him net sou gutt gelonge sinn.

Op d'Fro vun engem Schüler, firwat hie President wollt ginn, huet den Emmanuel Macron geäntwert: "Ech hu mäi Land nach ëmmer gär gehat, mee dat mécht nach kee President aus dir. Ech wollt meng Iddie realiséieren, ech hu mir gesot, et kann ee Saache besser a méi séier änneren, an sou hunn ech eng politesch Beweegung lancéiert, déi mech bis bei d'Presidence bruecht huet".

Den Emmanuel Macron wëllt sech a sengem Amt bis zum Schluss fir säi Land a fir Europa asetzen an déi Wäerter verdeedegen, un déi hie gleeft. Et wier deemno eng "affaire de passion", sou de franséische President zu Nikosia.

Back to Top
CIM LOGO