E Bléck an d'AuslandWéi eng Erfarungen hunn aner Länner mat der Cannabis-Legaliséierung gemaach?

Mariette Zenners
Fuerscher vu Science.lu hu sech emol déi Länner ugekuckt, an deenen de rekreative Cannabis schonns legaliséiert ass.
E Bléck an d'Ausland - Cannabis-Legaliséierung
Fuerscher vu Science.lu hu sech emol déi Länner ugekuckt, an deenen de rekreative Cannabis schonns legaliséiert ass.

D'Nouvelle hat virun enger Woch fir Iwwerraschung gesuergt. Um Radio 100,7 hat d'Gesondheetsministesch confirméiert, datt et wuel net zu enger kompletter Legaliséierung vum Cannabis géif kommen, sou wéi d'Regierung dat 2018 virgesinn hat. Et géif elo éischter dorobber erauslafen, just den Ubau fir privat Zwecker méiglech ze maachen, net awer fir de Verkaf. Mä wéi eng Länner hunn da bis elo iwwerhaapt de rekreative Cannabis legaliséiert a wéi eng Erfarunge goufen domadder gemaach? Dat hu Fuerscher vu Science.lu probéiert erauszefannen.

Wat ass drun un den Hallef-Wourechten, déi am Bezuch mat Cannabis-Legaliséierung sou zirkuléieren? Dat wollt d'Ekipp vu Science.lu erausfannen. Duerfir ass een emol an aner Länner kucke gaangen: eng Legaliséierung vu Besëtz, Verkaf a Produktioun hu bis ewell just Uruguay, 10 amerikanesch Staaten a Kanada. An den USA zum Beispill huet ee constatéiert, datt de Konsum eropgaangen ass, dat awer och an deene Bundesstaate ronderëm. Et ass keng Kausalitéit, et ass net wéinst der Legaliséierung, datt de Konsum an d'Luucht geet, esou de Jean-Paul Bertemes, de Chefredakter vu Science.lu.

An Europa gëtt just an 3 Länner (Belsch, Portugal an Holland) de Konsum net méi bestrooft, woubäi an den hollännesche Coffeeshops och de Verkaf toleréiert ass, mee si ginn awer vum Schwaarzmaart beliwwert. D'Produktioun ass net legaliséiert. Et kéint ee keng kausal Relatioun maachen tëscht Legaliséierung a Consommatioun, preziséiert awer de Jean-Paul Bertemes.

Wat sécher ass: duerch eng Legaliséierung entsteet ee Marché mat offizielle Geschäfter, Schafung vun Aarbechtsplazen, Präisstabilitéit.

Etüden an den USA hunn och erginn, dass de Schwaarzmaart op 30 bis 40 % zeréckgaangen ass, 40% vun de Konsumente schwätzen vun enger besserer Qualitéit an et ass erwisen, dass Drogentourismus entstanen ass, dat weist d'Beispill Amsterdam.

Wat den Afloss op d'Gesondheet ugeet, ginn et awer keng wëssenschaftlech geséchert Erkenntnisser, woubäi eleng ze wëssen, dass ech näischt weess, eppes wäert ass.

Aus Lëtzebuerger Siicht wier et elo intressant, mat Etüden den Ist-Zoustand festzehalen, fir no enger Legaliséierung - a wéi eng Richtung se och ëmmer geet - kënne besser Vergläicher ze maache wei déi, déi elo virleien.

Back to Top
CIM LOGO