
Dat äntwert de Gesondheetsministère op Nofro.
Wéi de Ministère matdeelt, hätt de Kokain, deen hei am Land saiséiert gëtt, eng Rengheet vun duerchschnëttlech 62 Prozent. Et géif awer grouss Variatioune ginn, wat d’Rengheet vun der Substanz betrëfft. D’Streckmëttel, déi am Kokain am dacksten nogewise ginn, sinn Lévamisole, Phénacétine, Lidocaïnea a Koffein.
Beim Heroin, deen zu Lëtzebuerg saiséiert gëtt, läit d’Rengheet iwwerdeems bei 12 Prozent. Hei gëtt am dackste Paracetamol a Kokain als Streckmëttel nogewisen.
Meeschtens géif et sech bei de Streckmëttel ëm Produiten handelen, déi einfach ze kréien a bëlleg sinn. Dës géifen net onbedéngt eng méi grouss gesondheetlech Gefor duerstellen, wéi déi consomméiert Substanz an sech. Et kéint awer och virkommen, dass d’Droge mat Stoffer wéi syntheeteschen Opioide gestreckt ginn. Dës géifen de Konsum nach eng Kéier méi geféierlech maachen. De besonnesch staarke syntheeteschen Opiod Fentanyl, deen am Kader vun der Opioid-Kris an den USA eng wichteg Roll spillt, gouf hei am Land allerdéngs nach net nogewisen.
Leit, déi aktuell net an der Lag sinn, mat hirem Drogekonsum opzehalen, kënnen hire gesondheetleche Risiko miniméieren, andeems si superviséiert Drogekonsumraim notzen, an deene si “Safer Use Informatioune” kréien an hinnen am Fall vu Komplikatiounen direkt ka gehollef ginn.
Ënnert dem Strecke vun Droge versteet een d’Vermësche vun der eigentlecher Drog, wéi zum Beispill Kokain oder Heroin, mat enger méi bëlleger Substanz, déi eng änlech Faarf a Beschafenheet ewéi d’Drog huet. Dealer erhéijen op dës Manéier d’Quantitéit, déi si verkafen, fir esou méi Profit ze maachen.